Den HD 209458 b ass en Exoplanéit, deen 150 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech läit[1]. Vu sengen Entdecker gouf hien nom alegyptesche Fruchtbarkeets- an Doudesgott inoffiziell och Osiris genannt.

Kënschtleresch Duerstellung vum Osiris viru sengem Stär HD 209458 mat engem Schwäif deen aus Material besteet dat aus senger Atmosphär austrëtt

Beschreiwung änneren

De Planéit HD 209458 b huet eng ëm een Drëttel méi kleng Mass wéi de Jupiter. Säin Duerchmiesser ass awer, well seng Distanz zu sengem Stär sou no ass, duerch déi opgehëtzten Atmosphär, ëm 1,3-mol méi grouss wéi déi vum Jupiter. Et ergëtt sech domat eng kleng Dicht vun ongeféier 0,3 g/cm³, soudatt de Planéit kee besonnesch grousse Kär wäert hunn. Den HD 209458 b kreest op enger Distanz vu 6,92 Millioune km ëm seng Sonn HD 209458, d. h. d'Ëmlafbunnn ass en Aachtel sou grouss wéi déi vum Merkur. D'Ëmlafzäit dauert nëmmen 3½ Deeg, d'Moyenne vun der Ëmlafvitess ass ronn 140 km/s, d'Exzentrizitéit vun der Bunn ass 0,07. Wéinst der enker Ëmlafbunn an der grousser Mass rechent een den Osiris zu der Klass vun de „gliddege Jupiter“. Seng Uewerflächentemperatur gëtt op 1000 K geschat. Spektroskopesch Observatioune vum Transit virum Stär mam Keck-Teleskop loosse wéinst dem Rossiter-McLaughlin-Effet op eng retrograd Ëmlafbunn schléissen.

Entdeckungsgeschicht änneren

 
Planéitentransit

D'Äerd ass nëmmen 3 Grad iwwer dem Ëmlafplang vum Osiris, soudatt den HD 209458 am Joer 1999 den éischte Stär war, bei deem de „Sonnenduerchgang“ (Transit) vun engem Exoplanéit observéiert konnt ginn. Beim Laanschtzéie vum Planéit virum Stär, hat sech d'visuell Hellegkeet vu senger Sonn all 3½ Deeg fir 2½ Stonnen ëm 1,6 % verklengert. D'Albedo vum Planéit selwer, déi vum MOST-Satellit gemooss gouf, ass mat 30 % erstaunlech kleng a läit däitlech ënner dem Wäert vum Jupiter (52 %)

Am Joer 2003 konnt ee mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop observéieren, datt d'Atmosphär vum Osiris duerch seng no Noperschaft zum Zentralstär „verdämpt“ an e Schwäif formt, änlech wéi dat bei engem Koméit de Fall ass. An der Atmosphär vum Planéit konnte Sauerstoff a Kuelestoff a Form vu Kuelendioxid a Methan nogewise ginn.[2]

Am Abrëll 2007 hat den Hubble-Weltraumteleskop grouss Iwwerschëss vu Waasserdamp an der Atmosphär vum Planéit festgestallt.[3] Domat ass den HD 209458b deen éischte Planéit baussenzeg vun eisem Sonnesystem, op deem Waasser nogewise gouf. An den neien Ënnersich konnte d'Waasserdampspektren allerdéngs net konfirméiert ginn. De Planéit huet en atmospäresche Schwäif deen haaptsächlech aus Waasserstoff besteet, an dee sech bis ongeféier 200.000 km hanner him erstreckt. Déi staark Ophëtzung vun der Atmosphär féiert dozou, datt den HD 209458 b 100-500.000 Tonne Waasserstoff pro Sekonn un de Weltraum verléiert. Dee Phenomeen gouf och beim extrasolare Planéit HD 189733 b nogewisen. Et gëtt geschat, datt de Planéit am Laf vu senger zirka 5 Mrd. Joer laanger Existenz op dës Aart a Weis ronn 7 % vu senger Mass verluer huet.

Mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop war et 2005 gelongen, wärend engem Transit d'Infraroutstralung vum Planéit ze moossen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. http://en.wikipedia.org/wiki/HD_209458_b
  2. Exoplanéit mat organesche Moleküllen (astronews)
  3. Barman, T.S.: Identification of Absorption Features in an Extrasolar Planet Atmosphere (preprint) vum 11. Abrëll 2007

Literatur änneren

  • Castellano T., Jenkins J., Trilling D.E., Doyle L., Koch D. (2000), Detection of Planetary Transits of the Star HD 209458 in the Hipparcos Data Set, Astrophysical Journal, Volume 532, Issue 1, p. L51-L53
  • Charbonneau, D. (2003), HD 209458 and the Power of the Dark Side, Scientific Frontiers in Research on Extrasolar Planets, ASP Conference Series, Vol 294, Edited by Drake Deming and Sara Seager. (San Francisco: ASP) ISBN 1-58381-141-9, 2003, p. 449-456
  • Fortney J.J., Sudarsky D., Hubeny I., Cooper C.S., Hubbard W.B., Burrows A., Lunine J.I. (2003), On the Indirect Detection of Sodium in the Atmosphere of the Planetary Companion to HD 209458, Astrophysical Journal, Volume 589, p. 615-622

Um Spaweck änneren

Commons: HD 209458 b – Biller, Videoen oder Audiodateien