Am Krich ass eng Schluecht eng militäresch Kampfhandlung, déi sech tëscht zwou oder méi Parteien ofspillt.

D'Wuert "Schluecht" ass ofgeleet aus dem alhéichdäitschen "slahta" an aus dem mëttelhéichdäitsche „slaht“. Déi ursprénglech Bedeitung vun dësem Wuert war ëmbrengen (doutmaachen). Eréischt zanter dem 16. Joerhonnert gëtt domat de Kampf tëscht zwou militäresche Formatioune bezeechent.

Eng Schluecht ënnerscheet sech vun engem Gefecht duerch hir Dimensiounen. Eng Schluecht kann des Weideren e méi oder wéineg groussen Afloss op den Ausgang vun engem Krich hunn.

Et ënnerscheet een tëscht:

Eng Landschluecht gëtt meeschtens no der Uertschaft genannt, wou se war, z. B. d'Schluecht vu Crécy.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schluechten – Biller, Videoen oder Audiodateien