Den Terminus war de réimesche Gott vun de Grenzen (respektiv vun de Grenzsteng). Vir hien ass den 23. Februar d'Fest vun den Terminalia gefeiert ginn bei deem d'Grenzlänner d'Grenzsteng mat Blummen dekoréiert an se mat Blutt besprengt hunn. Der So no handelt et sech ëm en urale Kult.

Zu Roum war säin Hellegtum bannent dem Jupitertempel um Kapitol a soll sech gewéigert hunn dem neie Gott Jupiter Plaz ze maachen. Deemno géif hien zu den eelere Gottheete gehéieren déi scho viru réimescher Zäit veréiert gi sinn.

Hie gëtt ouni Äerm a Been duergestallt, soudatt en net fortlafen a sou d'Grenz och net deplacéiere kann.

Um Spaweck änneren

Commons: Terminus – Biller, Videoen oder Audiodateien