Hotel Clesse
Den Hotel Clesse war en Hotel am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. E louch op engem Terrain vu 5 Ar um Eck vun der Aler Avenue an der Garer Plaz.
Den Hotel Clesse ëm 1900 | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Koordinaten |
49° 36’ 03.8’’ N 6° 08’ 00.6’’ O |
Historesches änneren
Aus dem Chalet Kessel-Clesse mat nëmmen e puer Zëmmeren ass um Enn vum 19. Joerhonnert den Hotel Clesse entstan, en eleganten Hotel deen 1896 seng Dieren opgemaach huet.
Gebai änneren
Wéi den Hotel Clesse sengerzäit opgaang ass, hat e 36 Zëmmeren. Zesumme mat e puer aneren Hotellen (z. B. Brasseur, Cravat, Paris-Palace, Staar) huet de Clesse zu deenen Haiser gehéiert déi deemools schonn e Lift haten; am Clesse goufen et och gratis privat Garagen.
Am Hotel war e Restaurant mat - op der Säit vun der Garer Plaz - enger Veranda op zwéi Stäck an enger Terrasse vu wou aus d'Clienten déi ganz Plaz iwwerblécke konnten. D'Spezialitéiten am Restaurant ware Frellen a Kriibsen. Op der nërdlecher Säit vum Gebai war e Blummegaart mat Bänke fir ze raschten.
Den Hotel huet 1960 zougemaach an d'Gebai aus duerno ofgerappt ginn.
Literatur änneren
- Robert L. Philippart, „L'hôtellerie de la belle époque“ an ons stad Nr. 88/2008 (PDF), S. 22-29
- René Clesse „Die Hollericher Belle Epoque“ an ons stad Nr. 57/1998 (PDF), S. 10
Biller änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Hotel Clesse – Biller, Videoen oder Audiodateien |