Haaptmenü opmaachen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker marc Goergen. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt w.e.g. Marc Goergen.

De Marc Goergen, gebuer den 12. Januar 1985 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (Piratepartei).

Marc Goergen
Marc Goergen LK2012.jpg
Marc Goergen (um Landeskongress vum Oktober 2012)
Gebuer 12. Januar 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Piratepartei Lëtzebuerg
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hie war tëscht 2012 an 2015 Vizepresident vun der Piratepartei Lëtzebuerg. Bei de Gemengewalen vum 8. Oktober 2017 ass hien zesumme mat sengem Parteikolleg Starsky Flor an de Gemengerot zu Péiteng gewielt ginn. Zanter dem 10. Dezember 2017 ass hie Generalsekretär vun der Piratepartei.

Bei de Chamberwalen 2013 an de Chamberwalen 2018 war hie Spëtzekandidat vun der Piratepartei am Walbezierk Süden.[2] 2018 gouf hien, als ee vun zwéi Deputéierten vun där Partei, an d'Chamber gewielt.[3]

De Marc Goergen ass och President vun der Rollenger Musek (Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine)[4], Trésorier an der Péitenger Maison des Jeunes[5], an hie war an der Fuessaison 2013-2014 Prënz an der Karneval Gemeng Péiteng.[6]

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren