Phi Beta Kappa ass eng US-amerikanesch akadeemesch Vereenegung, déi am Joer 1776 am College of William and Mary zu Williamsburg a Virginia gegrënnt gouf. Si gëllt als déi eelst a renoméierst Honor Society resp. Studentevereenegung an den USA. D'Opnam gëtt vun der Phi-Beta-Kappa-Gesellschaft vun der jeeweileger Héichschoul gereegelt. An der Reegel ginn net méi wéi 10 Prozent vun de College-Studenten (virun der Graduéierung, als „Undergraduates“) opgeholl. Dem betreffende Student gëtt eng Memberschaft ugebueden, déi hien akzeptéiere kann oder och net. An de vergaangene Joren (2006), huet nëmmen nach een Drëttel vun den Chapters d'Memberschaft ugeholl. No der Graduéierung steet et de Membere fräi, enger lokaler Phi-Beta-Kappa-Gesellschaft bäizetrieden. Phi Beta Kappa huet am Moment[Wéini ?] eng 500.000 Memberen.

Phi-Beta-Kappa-Schlëssel

Phi Beta Kappa (ΦΒΚ) steet fir déi griichesch Wierder Φιλοσοφια Βιου Κυβερνητης (Philosophia biu kybernetes -- „Léift vun der Wäisheet, Läitlinn vum Liewen“.

Symbol ass e gëllene Schlëssel, op deem vir dräi Stären (si sti fir Frëndschaft, Moral, Léieren), eng Hand an d'Initiale ΦΒΚ stinn, op der Récksäit een SP (fir Societas philosophiae).

D'Gesellschaft gëtt véiermol am Joer d'Zäitschrëft The American Scholar mat meeschtens geeschteswëssenschaftlechen Artikelen eraus.

All Joer iwwerreecht d'Phi Beta Kappa de Ralph-Waldo-Emerson-Präis fir groussaarteg sozial- oder geeschteswëssenschaftlech Fachbuch-Publikatiounen.

Berüümt Memberen (chronologesch) änneren

Studenten änneren

Éierememberen änneren

Literatur änneren

  • Richard N. Current: Phi Beta Kappa in American life. The first 200 years. OUP, New York 1990, ISBN 0-19-506311-2

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Handelsblatt vom 17. Oktober 2008 Seite 3