John Updike
Den John Hoyer Updike, gebuer den 18. Mäerz 1932 zu Reading (Pennsylvania) a gestuerwen de 27. Januar 2009 zu Beverly (Massachusetts), war en US-amerikanesche Schrëftsteller, dee virun allem Romaner a Kuerzgeschichte geschriwwen huet.
John Updike | |
---|---|
Gebuer | 18. Mäerz 1932 |
Gestuerwen | 27. Januar 2009 |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, Harvard College |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Romancier, Essayist, Dramatiker, Konschtkritiker, Auteur, Literaturkritiker, Science-Fiction-Schrëftsteller, Kannerbuchauteur, Journalist |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences, PEN America |
Säi bekanntst Wierk ass seng Rabbit-Serie: Rabbit, Run, Rabbit Redux, Rabbit is Rich, Rabbit at Rest, a Rabbit, Remembered. Säin éischte kommerzielle Succès war Couples.
Mat engem realistesche Stil huet den Updike virun allem d'Liewe vun Duerschnëttsmënschen aus New England beschriwwen, wou en och gewunnt huet. Theemen, déi ëmmer nees erëmkommen, si Sexualitéit an Doud, an d'Zesummespill vun deenen zwee. Den Updike war e villsäitegen Auteur, deen a senger Fiktioun ëmmer nees autobiographesch Elementer verschafft huet, z. B. a senge literareschen Alter egoen Harry Angstrom ("Rabbit", den Duerchschnëttsamerikaner), Henry Bech (de schwieregen Auteur) a Richard Maple (de Biergerlechen an enger Midlife crisis).
Den John Updike huet och vill Rezensioune geschriwwen (dorënner iwwer d'Wierker vum Saul Bellow, Kurt Vonnegut, Iris Murdoch, Milan Kundera an Isabel Allende) an huet literaresch Debatte gefouert, z. B. mam Gore Vidal oder dem Tom Wolfe.
Hien ass u Longekriibs gestuerwen.
Bibliographie
änneren
|
|
Quell
- Iwwersat vun nl:John Updike
Um Spaweck
ännerenCommons: John Updike – Biller, Videoen oder Audiodateien |