Pasithee (Mound)

Jupitermound


De Mound Pasithee (oder Jupiter XXXVIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Pasithee
(Jupiter XXXVIII)
De Jupitermound Pasithee an enger kënschtlerescher
Animatioun am Computer-Programm Celestia.
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 6
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.096.000 km
Periapsis 16.929.000 km
Apoapsis 29.263.000 km
Exzentrizitéit 0,267
Ëmlafzäit 719,44 Deeg
Ëmlafvitess 2,33 km/s
Inklinatioun 165,138°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,2
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 11. Dezember 2001

Entdeckung

änneren

De Pasithee gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 6.

De Mound gouf no der Pasithea, enger vun de Chariten aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten

änneren

De Mound Pasithee kreest a 719 Deeg, 10 Stonnen a 34 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.004.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2675. Mat enger Inklinatioun vun 165,138° ass d'Bunn retrograd, dat heeschtt, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Pasithee zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.

Physikalesch Daten

änneren

De Pasithee huet an der Moyenne en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestein an huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,2m.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren