Meuse-Musel-Kanal
De Meuse-Musel-Kanal oder Ourthe-Kanal (fr: Canal de Meuse et Moselle oder Canal de l'Ourthe) war e Projet, deen 1827 drop an dru war, realiséiert ze ginn, an deen dora bestoung, e schëffbare Kanal tëscht der Meuse an der Musel, queesch duerch d'Ardennen, ze bauen. En hätt haaptsächlech sollen iwwer d'Flëss Ourthe, Klierf a Sauer goen. Déi Belsch Revolutioun an d'Opkomme vun der Eisebunn hunn de Projet zum Echec bruecht.
D'Pläng an Tracé
ännerenDe Plang geet op d'Bestriewunge vum Wëllem I. vun Holland zeréck, déi ekonomesch benodeelegt Regioune vu sengem Kinnekräich z'entwéckelen. Lëtzebuerg, dat vun Holland aus gekuckt "dem Honn hanne" louch, huet dozou gezielt. Eng wichteg Roll huet dobäi den Ausbau vu Waasserstroosse gespillt.
Den Ingenieur Remi De Puydt, dee grad d'Sambre kanaliséiert hat, huet de Projet vum Meuse-Musel-Kanal dem Kinnek virgestallt. Finanzéiert hätt e solle vun der Société générale ginn.
Déi éischt Reaktiounen op de Projet waren awer negativ: et huet ze vill geckeg geklongen, e Parcours vun 300 km, tëscht Léck a Waasserbëlleg, queesch duerch d'Ardennen, ze bauen. Och wann d'Société générale kal Féiss kritt hat, sou hunn dach 5 vun hire Societairen d'Société du Luxembourg gegrënnt, fir de Projet duerchzezéien. Duerch eng Souscriptioun huet se mat Krämpes déi néideg 10 Millioune Gulden zesummekritt, allerdéngs eréischt, wéi de Kinnek Wëllem déi allermeescht Aktien (500 Stéck) selwer kaaft hat; um Marché ware just eng 120 Aktie verkaaft ginn.
D'Société du Luxembourg huet am Juli 1827 vum Hollännesche Staat fir ëmmer d'Konzessioun kritt, de Kanal z'exploitéieren, allerdéngs ënner der Bedingung, datt en a 5 Joer sollt fäerdeg sinn. Kuerz drop goungen d'Aarbechten un.
De Projet ass awer kuerz duerno duerch d'belsch Revolution gestoppt ginn, an eréischt e puer Joer duerno ass eng Partie vum Kanal bis op Comblain-au Pont gebaut ginn.
17 Schleise si gebaut ginn, en ettlecher bestinn nach haut, anerer sinn zougetippt ginn oder ofgerappt ginn. Eng grouss Partie vum Kanal ass nom Zweete Weltkrich zougetippt ginn an et si Stroossen drop gebaut ginn (z. B. zu Hony an zu Esneux). Eng Schleis fonctionéiert haut nach an zwar d'Schléiss N°1 zu Angleur, do wou de Kanal an d'Meuse leeft.
Vun Angleur bei Léck aus sollt de Kanal dem Laf vun der Ourthe no goen, laanscht Durbuy, La Roche an Houffalize. Tëscht Hony an Esneux war eng Ofkierzung durch en Tunnel virgesinn.
Den Tracé huet virgesinn, 684 Meter Héichtenënnerscheed z'iwwerwannen: 379 op der Säit vun der Meuse an 305 op der Säit vun der Musel. 205 Schleise sollten dofir gebaut ginn, dozou Verstäerkunge vun den Uwänner, d'Baue vu Stauwierker (fir e gläichméissegen Debit ze garantéieren) an d'Uleeë vun Halterweeër. D'Pièce-maîtresse sollt en 2,5 km laangen Tunnel sinn, deen ënner deem héchste Punkt ze gruewe war, ënner der Waasserscheed - an der haiteger Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg - erduerch, tëscht Bernistap (bei Tavigny) an Houfelt.
Op der Houfelter Säit sollt de Kanal dann duerch e puer Baachen, dorënner d'Emeschbaach an d'Trëtterbaach, bis an d'Wolz, duerno an d'Klierf goen, dann dës erof bis op Kautebaach, a vun do d'Wolz an d'Sauer erof bis duer, wou déi an d'Musel leeft.
Den Tunnel
ännerenD'Aarbechten um Tunnel bei Bernistap hunn dann och ugefaangen; fir d'éischt si Schächt gegruewe ginn, fir den Ënnergrond ze sondéieren, dunn ass vun der Westsäit aus den Tunnel an Ugrëff geholl ginn: 3 m breet a 4 m héich. Ongeféier 1 Meter sinn d'Aarbechten am Dag virukomm; vill Kanner aus der Ëmgéigend hunn do um Schantje geschafft, fir d'Gestengs erauszedroen.
Wéi d'Belsch Revolutioun ausgebrach ass, an och an de Méint duerno, sinn d'Aarbechten um Tunnel virugaangen, och, wéi den De Puydt 1830 als Lieutenant-colonel an déi nei gegrënnte belsch Arméi op Mons ofcommandéiert gouf.
Am Mee 1831, wéi d'Situatioun vum Status vu Lëtzebuerg alles anescht wéi kloer war, waren d'Actionnaire vun der Société du Luxembourg dunn net méi bereet, hir Sue fräizeginn; d'Aarbechten hunn, nodeem 1130 Meter Tunnel gebaut gi war, stall gehalen. Wéi 1839 d'Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg fir zerguttst festgeluecht war, ass de Projet definitiv fale gelooss ginn.
8 Joer drop sinn d'Kanalisatiounsaarbechten awer nees opgeholl ginn, an de Kanal sollt allerdéngs just am Ënnerlaf vun der Ourthe bis op La Roche goen. D'Grande Compagnie du Luxembourg hat am Kader vun de Konzessioune fir d'Eisebunnsstrecken Namur-Arel a Marloie-Léck 1846 d'Obligatioun mat iwwerholl fir de Kanal bis op La Roche ze bauen. 1847 wéi d'Aarbechten ugelaf sinn, krut deen Deel dann och den Numm Ourthe-Kanal. E gouf awer schlussendlech nëmme bis op Comblain-au-Pont gebaut, wou 1857 mam Bau opgehale gouf. Mat der Schëfffaart war et 1917, flossop vun Esneux eriwwer. Um ënneschten Deel gouf nach bis kuerz nom Zweete Weltkrich gefuer. Et goufen haaptsächlech Hasteng, Paweessteng, an Holzstéipen transportéiert. Um ënneschten Deel tëscht Tilff a Chênée gouf haaptsächlech Zénk vun der Vielle-Montagne a Form vu Lingoten oder Blieder transportéiert[1].
Fir de Rescht goufen d'Terrainen, déi expropriéiert gi waren, nees verkaaft, d'Société du Luxembourg opgeléist an de Schantjen der Natur iwwerlooss.
Zu Lëtzebuerg ass als Zeie vun deem Projet haut nach den Houfelter Kanal ze gesinn, deen duerch d'Waasser vun de Kalburen gespeist gëtt, an deen do ugeluecht gi war, wou den Tunnel erëm un d'Dagesluucht hätt solle kommen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Houfelter Kanal.
D'Schleisen
ännerenN° 1 Angleur
Dëst ass die éischt Schleis ongeféier 50 Meter vun der Meuse ewech. Hei fänkt de Kanal un a si steet dofir um PK 0,00. Si gouf 1847 an Déngscht gestallt, gouf 1944 am Krich zerstéiert an 1945 erëm opgebaut. Et ass déi eenzeg Schleis um Kanal bei där d'Schleisepaarten nach funktionéieren. Um ieweschte Schleisekanal bis op d'Héicht vun der Marcotty-Bréck leien Hausbooter an déi desaffektéiert belsch Vedette Rupel.
N° 2 Chênée
D'Schleis vu Chênéé steet um PK 1,53. Se gouf 1847 gebaut an huet nach bis an d'Fofzegerjore funktionéiert.
N° 3 Streupas
D'Schleis vu Streupas steet um PK 3,77. D'Schleis gouf ofgerappt an op der Plaz vun der ënneschter Schleisepaart gouf e Wier agebaut fir den Niveau un dee vum Haaptwier op der Ourthe unzepassen, fir datt d'Baach am Summer net soll dréchelafen.
N° 4 Sauheid
D'Schleis vun der Sauheid steet um PK 4,59. D'Schleisekummer ass nach do, d'Paarte feelen an d'Waasser gëtt mat Schutzbrieder bis op den Niveau vum Haaptwier gestaut.
N° 5 Colonster
D'Schleis vu Colonster war um PK 6,03. D'Schleis gouf mat engem automatesche beweegleche Wier ersat.
N° 6 Sainval
Ass um PK 7,83; de Schleisekanal no uewen ass zougetippt an et geet eng Strooss driwwer bis bei d'Schwämm vun Tilff. D'Schleisewiechterhaus steet nach do an ass och bewunnt.
N° 7 Tilff Ass um PK 8,88; hei ass d'Schleis och zougetippt, d'Haus vum Schleisewiechter steet nach do, an um um Kapp vun der Schleis besteet nach den ënneschten Däich dee schif zum Schleisekanal gebaut war; 500 Meter méi wäit ass e Wier dat am Bett vun der Ourthe gebaut war an och elo nach gutt an der Rei ass.
N° 8 St. Anne Ass um PK 11,86.
N° 9 Mery Vu Mery bis op Hony ass de Kanal zougetippt an et geet eng Strooss driwwer.
N°10 Hony Vun Hony u sinn d'Schëffer e klengt Stéck op der Ourthe gefuer bis virun d'Schleis N° 11. Vun hei un ass och erëm alles zougetippt.
Den Halterwee ass och hei op déi riets Säit gewiesselt soudatt d'Päerd déi d'Schëffer gezunn hu mat enger Fär misste vun enger Säit op déi aner gefouert ginn.
Am Haus vum Schleisewiechter ass haut en Zeitungsbuttek
-
D'Haische vum Färmann
-
D'Haus vum Schleisewiechter
-
De Kapp vum Schleisekanal
-
D'Wier virum Schleisekanal zu Hony
-
Eisebunnsbréck iwwer den Treidelpaad
-
Eisebunnsbréck iwwer de Kanal, haut eng Strooss
N°11 La Roche au Faucon D'Schleisewiechterhaische steet nach do an ass och bewunnt, d'Schleiss ass zougetippt, awer et gesäit een nach gutt wou se war.
N°12 Devant Rosières D'selwecht wéi N° 11.
N°13 Esneux Hei ass vum Kapp vum ënneschte Schleisekanal bei Lavaux alles zougetippt bis hanner d'Schleis vun Evieux.
D'Schleis vun Esneux ass eréischt nom Krich ofgerappt an zougetippt ginn. Do wou d'Schleis war ass haut eng Parkplaz an eng Strooss virun der Gare vun Esneux. Am Krich war e Camion mat US-amerikaneschen Zaldoten dragetrollt a si sinn all erdronk.
N°14 Evieux Vun Esneux un huet de Kanal scho vun 1917 un net méi funktionéiert. En ass zougetippt an et geet eng Strooss driwwer.
Et gesäit een nach just den ieweschte Kapp vum Schleisekanal bei La Gombe an d'Haische vum Schleisewiechter steet nach an ass och bewunnt.
N°15 Poulseur
Bis Poulseur sinn d'Schëffer erëm iwwer d'Ourthe gefuer, den ënneschte Schleisekanal vun ongeféier 300 Meter virun der Schleis ass nach do awer versuppt, d'Schleis besteet och nach, awer et si keng Paarten dran an de Waasserniveau gëtt duerch Schëtzbrieder stabil gehalen. Am Schleisenwiechterhaische wunnt elo de Fierschter. Laanscht den ieweschte Schleisekanal hann ee mam Vëlo oder zu Fouss bis bei d'Schleis vu Chanxe kommen.
N°16 Embierir (Chanxe) D'Schleis vu Chanxe ass e Komplex mat zwou Schleisen. Hanner der Schleis huet de Kanal an Direktioun Poulseur säin Uschloss a vun deem geet no enger 20 Meter e Säitekanal deen och eng Schleis hat, fort op d'Ourthe. D'Wier an d'Afart fir an d'Schleis si ronn 600 Meter flossop bei der Bréck fir an d'Rue de Rivage.
-
Schleis N° 16 bei Chanxhe
-
Schleis N° 16 oder och Embierir: flossopwärts gekuckt
-
Reschter vun enger Porte de garde um Säitekanal zu Embierir
-
De Säitekanal zu Embierir
N°17 Douxflamme (Comblain) Do steet och nach dem Wiechter säin Haus.
Literatur
änneren- Jean-Pol Weber, Un canal de jonction Meuse-Moselle sous le régime hollandais ?; in: Glain et Salm, Haute Ardenne, Nr. 10, Juni 1979, Ss. 56-70 & Nr. 11, Dezember 1979, Ss. 34-61 (ill.).
- Groupe spéléologique luxembourgeois: Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt; Éditions Schortgen, 2009 (ISBN 978-2-87953-078-9); vgl. Ss. 140-154: Jean-Claude Asselborn, Der geheimnisvolle unterirdische Kanal in den Ardennen - Von der Maas zur Mosel.
- Marc Bernard, 'Le Canal de Bernistap': Ein Unternehmen ohne Happyend - Der Versuch, die Maas mit der Mosel zu verbinden; in: Tageblatt, Nr. 176 / 2005 (Ausgab vum 1. August 2005), S. 25 (mat 2 Photoen).
- Robert Wilmes, Un projet pharaonique - Le canal de la Meuse à la Moselle (1827-1831) an der Kulturbäilag Die Warte, in: Luxemburger Wort vum 4. Juni 2015, Ss. 2-4 (ill.).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Meuse-Musel-Kanal – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gutt dokumentéierte Site vum Géry de Pierpont
- De Kanal op der Websäit www.industrie.lu
- Den Houfelter Kanal op der Websäit vun der Gemeng Wëntger
- Emissioun vum Ph. Nilles op Radio 100,7 iwwer d'Geschicht vum Kanal
- ↑ La Navigation en Wallonie, Léck, Musée de la Vie Wallonne, 1978, p.49