Hallefen nennt een, wa Schëffer, déi kee motoriséierten Undriff hunn, op Kanäl oder Flëss vum Uwänner aus gezu ginn. Dat ka vun Zuchbéischten (z. B. Päerd oder Uessen) oder och vu Mënschen (Hallefer) gemaach ginn.

Hallefer op der Wolga vum Ilja Repin.
E Mann an eng Fra zéien e Schëff op engem Kanal (Holland, 1931).

Virun der Erfindung vum Dampschëff war dat déi eenzeg Méiglechkeet, e Schëff flossop ze kréien.

Fir d'Aarbecht kënnen ze maache goufen um Uwänner déi sougenannt Halterweeër ugeluecht, op deenen Zuchdéieren oder d'Mënsche goe konnten. Wann de Wee net an engem Stéck op enger Säit vum Floss oder Kanal konnt gebaut ginn, da ware Plaze virgesinn, wou d'Béischten oder d'Leit vun engem Färmann op déi aner Säit transportéiert goufen. Dat war z. B. um Ourthe-Kanal de Fall, op der Héicht vun Hony, wou een haut nach d'Haische vum Färmann gesi kann.

Déi meescht vun deene Weeër sinn haut Spadséier- oder Vëlosweeër.