Comblain-au-Pont

belsch Gemeng
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Comblain-au-Pont op Wallounesch Comblin-å-Pont ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Léck.

Comblain-au-Pont
Comblain-au-Pont JPG01.jpg
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Liège.svg Léck
Arrondissement Léck
Awunner 5.381 (1 Januar 2018)
Fläch 2268
Koordinaten 50° 28’ 30’’ N
      05° 34’ 29’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4170
Websäit http://www.comblainaupont.be

Zu der Gemeng gehéieren d'Sektioun Poulseur an d'Uerschaften Géromont, Halleux, Hoyemont, Mont, Oneux, Pont-de-Scay a Sart.

GeschichtlechesÄnneren

Zu der industrieller Aktivitéit um Territoire vun der Gemeng huet d'Exploitatioun vu Steebréch gehéiert. Déi bekanntst an och déi gréisst Steekaul waren d'Carrières du Bois d'Anthines där hir Verluedequaien haut nach laanscht N 633 ze gesi sinn. Déi Carrièren haten deemools en Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz zu Chanxhe op der Infrabel-Linn 43. Den Uschloss huet der Gesellschaft vun der Vizinalstreck Poulseur-Sprimont-Trooz gehéiert.

D'Gare vu Comblain déi op der Linn 43 läit ass net méi a Betrib.

Fréier huet Complain mat Poulseur zu der Grofschaft Logne am Fürstentum Stavelot-Malmedy gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Quirinus deen zanter dem 15. Joerhonnert um Sigel vun der Gemeng ass. Dat kënnt dohier, well de Kapitel vu Malmédy d'Grondrechter vun der Uertschaft hat an den hellege Quirinus deem säi Patréiner war. E Sigel aus dem 17. Joerhonnert weist den Hellege wéi en een Draach néiermécht.[1]

Kuckeswäertes an der GemengÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. DETAILLE, E., THIRTY, L., Histoire de Comblain-au-Pont Comblain-au-Pont (1939).

Um SpaweckÄnneren

Commons: Comblain-au-Pont – Biller, Videoen oder Audiodateien