Den Emile Frantz, gebuer den 19. Mee 1910 zu Villerupt a gestuerwen den 22. Mee 1996 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.[1]

Emile Frantz
Gebuer 19. Mee 1910
Villerupt
Gestuerwen 22. Mee 1996
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ringer

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam vertrueden.[2]

Zweete Weltkrich änneren

Hie gouf den 9. September 1942 vun den Nazie verhaft a koum an d'KZ Natzweiler-Struthof. Do war hien de Prisonéier mat der Nummer 2224 bis hien de 5. September 1944 an d'KZ op Dachau koum wou hien de Prisonéier mat der Nummer 111072 war.[1]

Zu Natzweiler huet den Emile Frantz Frëndschaft mam Osmund Faremo vun der norwegescher Resistenzorganisatioun Milorg geschloss.[1]

Am Buch 'Takk for livet. Emil,' (op lëtzebuergesch: Merci fir mäi Liewen, Emil) dat den Osmund Faremo 1997 publizéiert huet, beschreift hie wéi den Emile Frantz him e puermol zu Natzweiler gehollef huet z'iwwerliewen.[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Den Emile Frantz op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Emile Frantz op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'