Den Henri Scharry, gebuer den 10. Dezember 1904 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen de 4. Februar 1954, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Henri Scharry
Gebuer 10. Dezember 1904
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 4. Februar 1954
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch

Hie war vun 1924 bis 1929 Golkipp bei der Jeunesse Esch an huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam matvertrueden.[2]

Tëscht dem 11. November 1924 am 4. November 1928 huet den Henri Scharry och9-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Den Henri Scharry op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Henri Scharry op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Gearchiveerd op 2012-02-11. Gekuckt de(n) 2011-06-04.
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Henri Scharry op der Websäit vun European Football