Eng Bibliographie ass eng Lëscht vu Bicher oder soss Dokumenter, z. B. Artikelen, déi bestëmmt Gemeinsamkeeten hunn.

Zorte vu Bibliographien

änneren

Eng thematesch Bibliographie stellt Wierker zu engem bestëmmten Theema oder Sujet zesummen. Dëst kann eng eegestänneg Publikatioun sinn, oder awer Deel vun enger, wéi z. B. bei wëssenschaftleche Wierker, Artikelen oder Theesen. An deene leschte Fäll vereent d'Bibliographie déi Dokumenter, déi fir déi Aarbecht verschafft gi sinn.

Eng systematesch (oder allgemeng) Bibliographie bréngt d'Referenze vun Dokumenter zesummen, déi an engem bestëmmte geographesche Raum oder enger bestëmmter Period erauskomm sinn.

Eng "lafend" Bibliographie (fr: bibliographie courante) kënnt a reegelméissegen Ofstänn (z. B. all Joer) eraus. Mat der Verbreedung vun der Informatik a virun allem dem Internet si vill lafend Bibliographien a bibliographesch Datebanken ëmgewandelt ginn, an deenen no an no ëmmer méi Referenze bäikommen.

Eng speziell Form sinn d'Nationalbibliographien, an deene vun offizieller Säit déi Wierker repertoriéiert ginn, déi an engem Land publizéiert ginn (kuckt: Dépôt légal). Zu Lëtzebuerg ass dat z. B. D'Bibliographie luxembourgeoise pour l'année..., déi vun der Nationalbibliothéik erausgi gëtt.

Eng signaletesch Bibliographie gëtt just déi wesentlech Referenze vun Dokumenter (wéi den Auteur, Titel, Publikatiounsjoer a –plaz, asw.). Eng analytesch Bibliographie gëtt doriwwer eraus eng neutral inhaltlech Kuerzbeschreiwung. Eng kritesch Bibliographie mécht Bewäertungen iwwer déi Dokumenter, déi drastinn.

Dem Fall no kann een eng Bibliographie och ausféierlech Bibliographie oder Auswielbibliographie nennen.

D'Verbreedung vun anere Medie-Supportë wéi dem Pabeier, huet nei Begrëffer wéi Filmographie, Discographie a Webographie mat sech bruecht.

Um Spaweck

änneren

Lëtzebuergesch Bibliographien