D'Nationalstrooss 19 oder N19 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech. Si féiert vun der Bleesbréck op Reisduerf.

Laf vun der Strooss
Kilometersteen op der N19

Si huet hiren Ufank am Rond-Point op der Bleesbréck, wou se vun der N17 fort geet. Si geet laanscht d'Sauer duerch Bettenduerf a Méischtref bis op Reisduerf, wou se op der Kräizung mat der N10 zu Enn geet.

D'N19 huet eng Gesamtlängt vu 6,3 km.

Um Spaweck änneren

Commons: Route nationale 19 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien