Nationalstrooss 19A
fréier lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech
D'Nationalstrooss 19A oder N19A war eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Duerch | Bettenduerf |
Opgaangen | 1940er |
Deklasséiert | 5. Mee 1958 |
Längt | 1.265 m |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Wéi am Enn vun de 1940er Joren den neie Laf vun der „Sauerstrooss“ (haut N19) an der Traversée vu Bettenduerf opgaangen ass, gouf déi al Strooss vun do un a bis 1958 als N19A bezeechent[1]. S'ass vun der Route de Diekirch fortgaangen, iwwer d'Rue du Pont (haut: CR357) an d'Rue du Château gelaf fir am Flouer Wuesen nees op der Dikrecher Strooss erauszekommen.
D'N19A hat eng Gesamtlängt vun 1,265 km[1].