Sauerbréck zu Wallendorf

D'Bréck vu Wallendorf ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Sauer am Kanton Dikrech. Si verbënnt déi lëtzebuergesch Uertschaft Wallenduerferbréck mat der däitscher Uertschaft Wallendorf. Op der Bréck begéine sech de lëtzebuergeschen CR358A an déi däitsch L6.

Sauerbréck zu Wallendorf
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Wallenduerfer Bréck
DEUDEU Wallendorf
Flosskilometer 43,550
Koordinaten 49° 52’ 30.4’’ N 6° 17’ 24.4’’ O
Chronologie
Baujoer 1876
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1957
Neibau 1993
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un LUXLUX CR358AN 10
DEUDEU L 6
Féiert iwwer Sauer
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Totallängt 69,40 m
Längt tëscht Widderlager 27,24 m
Felder/Béi 3
Feldbreet(en) 19,70 - 30,00 - 19,70 m
Héicht ± 8 m
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz


Déi haiteg Bréck ass aus dem Joer 1993, a si ersetzt d'Bréck vun 1957 déi hirersäits Rekonstruktioun vun der éischter Bréck vun 1876 war, déi Wehrmacht bei hirem Réckzuch den 12. September 1944 gesprengt hat.

D'Bréck huet mat de Widderlageren eng Längt vun 69,40 m, a si besteet aus dräi Felder vu respektiv 19,70 - 30,00 - 19,70 m op d'Achs vun de Flosspiliere gemooss.

D'Nopeschbrécke sinn:

Kuckt och änneren

Literatur änneren