Schumannseck
Lieu-dit an der Stauséigemeng
De Schumannseck ass e Lieu-dit an der Stauséigemeng, dee no dem Café-Restaurant Schumann benannt ass, deen do steet.
Schumannseck | |
---|---|
De Café-Restaurant Schumann um Schumannseck (2013) | |
An anere Sproochen |
fr: Schumannseck de: Schumannseck |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Stauséigemeng |
Buergermeeschter | Marco Koeune |
Koordinaten |
49° 56’ 45’’ N 05° 52’ 46’’ O |
Geographie
ännerenE läit op der Kräizung vun den Nationalstroossen N15 an N26. D'N15 geet mat enger Ënnerféierung ënner der N26 erduerch.
Geschicht
ännerenDe Schumannseck ass bekannt dofir, datt wärend der Ardennenoffensiv am Dezember 1944 do besonnesch schro Kämpf tëscht der Wehrmacht an der amerikanescher Arméi waren.
E Monument, d'Liberation Memorial erënnert un déi alliéiert Truppen (et steet op der Wëlzer Säit vun der Strooss, laanscht d'N26).
Biller
änneren-
Um Schumannseck
-
Vue op d'N15 a Richtung Süden
-
De "Liberation Memorial"
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Schumannseck – Biller, Videoen oder Audiodateien |