Shapley-Sawyer-Konzentratiounsklass

D'Shapley-Sawyer-Konzentratiounsklasse formen e qualitatiivt Klassifizéierungssystem, mat deem den Harlow Shapley a seng Doktorandin Helen Sawyer Hogg zanter 1927 Kugelstärekéip op fotografesche Biller no hirer visueller Konzentratioun zesummegestallt hunn.

D'Skala geet vun 1 bis 12, woubäi réimesch Zuele gebraucht ginn. Déi konzentréiertst Kéip sinn an der Klass I, wéi beispillsweis M75. Mat ofhuelender Konzentratioun hëlt d'Klassennummer zou a geet bis an d'Klass XII, wéi beispillsweis beim NGC 4372. D'Klassegrenze goufe vum Shapley a Sawyer Hogg sou definéiert, datt déi 12 Klassen all Kéier ongeféier déi selwecht Zuel vun de 95 Kugelstärekéip huet, déi 1927 bekannt waren. Den hellste Koup um Nordhimmel, de Messier 13, gehéiert zur der Klass V.

D'Konzentratiounsklasse ginn haut beispillsweis vun Amateurastronomen nach gebraucht fir den opteschen Androck ze beschreiwen, dee bei der Observatioun vu Kugelstärekéip z'erwaarden ass. Fir wëssenschaftlech Zwecker si quantitativ Moosse fir d'Beschreiwung vun der Koupstruktur virzezéien, wéi ee se duerch Upassung vu parametresche Modeller un déi gemoosse Flächenhellegkeetsprofiler kritt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren