Extinktioun (Astronomie)

Als Extinktioun bezeechent een an der Astronomie d'Ofhuele vum Liicht vun Himmelskierper beim Duerchgank duerch d'Äerdatmosphär oder interstellar Matière.

Ënner dem Begrëff Extinktioun gëtt d'Ofschwächung wéinst der Absorptioun am Medium duerch deen Liicht geet, souwéi duerch Streeung zesummegefaasst, vgl. Extinktioun (Optik). Dëst Ofschwächung ass vun der Wellelängt ofhängeg, also mat enger Verfierwung verbonnen. Si hänkt ausserdeem vum Volume vun der duerchstraalter Atmosphär of a vun hirem spezifesche Gehalt vu Waasserdamp, Kuelenstoffdioxid, Ozon, Wolleken, an Aerosol.

Extinktioun an der Äerdatmosphär änneren

D'Extinktioun an der Äerdatmosphär hänkt vun der Standplaz, der Wellelängt an der Zenitdistanz of. Wann e Stär oder en aneren Himmelskierper no beim Horizont steet, dann ass de Wee duerch d'Atmosphär méi laang an d'Ofhuele vum Liicht méi grouss. D'atmosphäresch Extinktioun hëlt also mat der Zenitdistanz zou. Um Zenit mécht si op Miereshéicht ongeféier 0,28 mag (23 %) aus a gëtt haaptsächlesch jee zur Hallschent aus der Rayleigh-Streeung an de Loftmoleküllen an der Streeung an den Aerosolpartikele verursaacht. Well blot Liicht an der Atmosphär méi staark gestreet gëtt wéi rou Liicht, erschéngen d'Stären an der Horizonthéicht roudelzeg an den Himmel bloelzeg.

Interstellar Extinktioun änneren

 
E No-Infrarout-Spektrum, opgeholl mam Spitzer-Weltraumteleskop.

D'Extinktioun am interstellare Medium entsteet haaptsächlech wéinst dem interstellare Stëbs. Fir verschidde Siichtlinnen an eiser Mëllechstrooss sinn d'Extinktiounswäerter wéinst der onreegelméisseger Struktur vum interstellare Medium ënnerschiddlech.

Den Extinktiounsparameter   ass definéiert duerch den Distanzmodul  :

 

Dobäi bezeechnen:

  •   d'visuell Magnitude bei der Wellelängt  
  •   d'absolut Hellegkeet bei der Wellelängt  
  •   d'Distanz vun der Quell a Parsec.

D'Extinktioun an Ofhängegkeet vun der Wellelängt gëtt als Extinktiounsbou duergestallt (kuckt Bild). Am optesche Beräich (vgl. UBV-System) variéiert d'Extinktioun nëmme wéineg, ass awer net konstant: de bloen Deel gëtt méi staark absorbéiert/gestreet wéi de rouden Deel. Dat féiert dozou, datt am Ufank wäisst Liicht duerch d'interstellar Extinktioun net nëmmen ofgeschwächt, mä och roudelzeg verfierft gëtt. Am Infrarout- a Radiowelle-Beräich (lénksen Deel vum Diagramm) ass déi interstellar Extinktioun ganz kleng, d. h. an deene Spektralberäicher kann een (z. B. de galakteschen Zentrum) zimmlech ongestéiert observéieren. Am héichenergetesche Spektrum wiisst d'Extinktioun dogéint staark.

Eng genee Erklärung vum Extinktiounsbouverlaf ass am Ament nach net méiglech, well et nach kee konsistente Modell fir di'Zesummesetzung vum interstellare Stëbs gëtt. Den UV-Bump bei 220 nm gëtt méiglecherweis vu Graphitdeelercher verursacht.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren