Klengen Hantelniwwel

(Virugeleet vu(n) NGC 651)

De klengen Hantelniwwel (oder Messier 76 oder och NGC 650) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Perseus mat enger visueller Magnitude vun +10,10 mag. Den hellste Kärberäich miesst 1,45' × 0,7' Bouminutten. Deen eppes méi schwaache baussenzegen Deel huet knapps déi duebelt Gréisst. Wéinst hirer Form gëtt den Objet klengen Hantelniwwel genannt. Ganz baussenzeg ass en Halo, deen aus deem Gasmaterial besteet, deen de Stär scho laang virun der Explosioun a senger Phas als Roude Ris ofginn hat. Dësen ass ronn 4,8 Bouminutte grouss. Dëse Wäert entsprécht an der Distanz vum Niwwel eng absolut Gréisst vun ongeféier 21 Liichtjoer.

Messier 76 / Klengen Hantelniwwel
Stärebild Perseus (Per)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 01h 42m 20s
Deklinatioun + 51° 34' 31"[1]
Ausgesinn
Visuell Magnitude 10,1[2] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,2 mag
Wénkelduerchmiesser 2,7 × 1,8[2]
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 3.400[2]
Routverrécklung −64  10−6
Radialvitess −19,1[1]
Geschicht
Entdecker Pierre Méchain
Entdeckungsdatum 5. September 1780
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
GC 385
M 76
NGC 650
PK 130-10.1

Den Zentralstär erschéngt als Duebelstäresystem. Unhand vu Fotoe mam Hubble-Weltraumteleskop konnt awer gewise ginn, datt déi südlech Komponent tatsächlech ongeféier 20.000 Liichtjoer hannert dem Niwwel läit. Déi béid Stäre bilden also e sougenannt optescht Duebelstäresystem. Hir Distanz läit bei 1,4 Bousekonnen.

Den Objet huet laang als duebelen Niwwel gegollt, wat dozou gefouert huet, datt en och zwou NGC-Nummere krut. Um Enn vum 19. Joerhonnert hu spektroskopesch Analysen den Nowäis bruecht, datt et sech ëm e planetareschen Niwwel handelt.

Entdeckung änneren

De planetaresche Niwwel NGC 650 gouf de 5. September 1780 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Messier 76 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 SIMBAD
  2. 2,0 2,1 2,2 SEDS