Mount Lemmon Observatoire

(Virugeleet vu(n) Mount-Lemmon-Observatoire)

De Mount Lemmon Observatoire Mount Lemmon Observatory (MLO), och als Mount Lemmon Infrared Observatory bezeechent, ass en astronomeschen Observatoire op enger Héicht vun 2.790 m um Bierg Mount Lemmon an de Santa Catalina Mountains ongeféier 28 Kilometer nord-ëstlech vun Tucson am US-Bundesstaat Arizona. D'Anlag am Coronado National Forest, déi en ettlech onofhängeg Teleskopen ëmfaasst, gëtt vum Steward Observatoire vun der Universitéit vun Arizona bedriwwen a krut dofir eng Spezialautorisatioun vum U.S. Forest Service.

De Mount Lemmon Observatoire

Geschicht vum Observatoire änneren

De Mount Lemmon Observatoire gouf 1954 ufanks als Radarstatioun vun der Air Defense Command mat der Bezeechnung Mount Lemmon Air Force Station gebaut. Nodeem en 1970 un de Steward Observatoire ugeschloss gouf, gouf d'Anlag an en Infrarout-Observatoire ëmgebaut. Bis 2003 gouf ee vum Fort Huachuca aus gesteierte Radartuerm fir Observatioune vu Rakéitestarte vun der White Sands Missile Range an New Mexico a vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien gebraucht.

Instrumentéierung änneren

Um Mount Lemmon ginn am Ganze 7 Teleskope bedriwwen, wovun déi wichtegst hei hannendrun opgezielt sinn:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Asteroid 2011 AG5 - A Reality Check (NASA) Archivéiert op 2021-04-16. Gekuckt de(n) 2012-06-28.