NGC 6240
Den NGC 6240 ass eng irregulär Galaxie am Stärebild Ophiuchus, ongeféier 400 Millioune Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Aussergewéinlech un där Galaxie ass, datt et an hirem Kär zwéi aktiv Schwaarz Lächer gëtt, déi duerch d'Kollisioun vun zwou klenge Galaxien am neie Galaxiëkär entstane sinn.
Foto, opgholl vum Hubble-Weltraumteleskop | |
Stärebild | Ophiuchus (Oph) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 16h 52m 58.97s |
Deklinatioun | + 02° 24' 01.7" |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz |
I0: pec; LINER Sy2 |
Visuell Magnitude | 12,8 mag mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | 13,8 mag mag |
Wénkelduerchmiesser | 2,0' × 1,0' |
Flächenhellegkeet mag/arcmin² | 13,7 mag |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | zirka 400 Mio. |
Routverrécklung | (24323 ± 210) ∙ 10-6 |
Radialvitess | (+7203 ± 63) |
Geschicht | |
Entdecker | É. J.-M. Stephan |
Entdeckungsdatum | 12. Juli 1871 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CGCG | 25-11 |
GC | 5833 |
IC | 4625 |
IRAS | 16504+0228 |
MCG | +0-43-4 |
NGC | 6240 |
PGC | 59186 |
UGC | 10592 |
VV | 617 |
2MASX | J16525886+0224035 |
Déi béid Schwaarz Lächer strale vill Röntgenstralung of a kreesen am Ofstand vun 3.000 Liichtjoer ëmeneen, bis si an en ettlech honnert Millioune Joer matenee verschmëlzen.
Well d'Kollisioun vun de béide Galaxien eréischt ronn 30 Millioune Joer hir ass, weist sech den NGC 6240 als typesch Starburstgalaxie. Wéinst der relativer Duerchléissegkeet vum Stëbs an der Galaxie, fir d'Infraroutliicht vun de jonke Stären ass den NGC 6240 eng ultraliichtkräfteg Infraroutgalaxie (ULIRG), déi gutt mat dem Infrarout-Teleskop Spitzer Infraroutteleskop observéiert ka ginn[1].
-
Zentrum vun der Galaxie NGC 6240 am visuelle Liicht, iwwerlagert mat Röntgebiller vum Teleskop Chandra
-
Foto vun der ganzer Galaxie NGC 6240 aus Donéeë vum Spitzer- an Hubble-Weltraumteleskop.
Entdeckung
ännerenD'Galaxie NGC 6240 gouf den 12. Juli 1871 vum franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: NGC 6240 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Chandra
- Bericht des Max-Planck-Instituts (PDF-Datei; 318 kB)
- Dissertation Uni Hamburg
- SEDS
Referenzen
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 04.03.2012. Gekuckt de(n) 04.01.2013.