Messier 13

(Virugeleet vu(n) NGC 6205)

De Messier 13 oder M13 ass en helle Kugelstärekoup am Stärebild Hercules mat der Nummer 13 vum Messier-Katalog. Am New General Catalogue huet en d'Nummer 6205.

Kugelstärekoup
Messier 13
Kär vum Messier 13 (Hubble-Foto)
Stärebild Hercules (Her)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 16h 41m 41,44s
Deklinatioun +36° 27' 36,9"
Ausgesinn
Konzentratiounsklass V
Visuell Magnitude 5,8magm
Wénkelduerchmiesser 20'
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   Mëllechstrooss
Distanz   Lj.(Lj)
Integréierte Spektraltyp   F6
Routverrécklung  −0,000822 ± 0,000003
Radialvitess  (−246,6 ± 0,9)
Absolutten Duerchmiesser  145 Lj
Geschicht
Entdecker  Edmond Halley
Entdeckungsdatum  1714
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  13
NGC  6205
C   1639+365

Et ass den hellste Kugelstärekoup um Nordhimmel a gouf scho 1714 vum engleschen Astronom Sir Edmond Halley entdeckt. Den M 13 ass ronn 25.100 Liichtjoer vun der Sonn ewech (d'Donneeën variéieren tëscht 23.000 an 26.000 Lj), huet déi 300.000-fach Liichtkraaft vun der Sonn an en Duerchmiesser vun 150 Liichtjoer.

Stärekaart vum Hercules mat dem Messier 13
M13 op enger astronomescher Zeechnung vum 19. Joerhonnert (Trouvelot, 1881)

Den M13 huet eng visuell Magnitude vu 5,8 mag. Hie ka schonn an engem klengen Teleskop als niwwelege Fleck gesi ginn. Et fënnt een en am Beschten am Fréijoer oder Summer – an der „rietser Véierecksäit“ vum Herkules, tëscht de Stäre η an ξ Her.

Den M13 war d'Zil vum Arecibo-Botschaft-Radiosignal. Dobäi gouf vum Arecibo-Radioteleskop e staarkt Signal fortgeschéckt, fir Kontakt zu enger eventueller ausserierdescher Zivilisatioun opzehuelen. De Kugelstärekoup war ausgewielt ginn, well do vill Stären op relativ enkem Raum versammelt sinn, wat d'Chance, op eng bewunnte Welt ze treffen, erhéije sollt. Wann een awer déi laang Lafzäit vum Signal bedenkt, da misst d'Äntwert vun enger technesch entwéckelter Zivilisatioun fréiestens no ronn 45.600 Joer op der Äerd antreffen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Messier 13 – Biller, Videoen oder Audiodateien