NGC 2736
Den NGC 2736 ass een Emissiounsniwwel, och Bläistëftniwwel genannt am Stärebild Vela, deen 815 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Den NGC 2736 ass den Iwwerrescht vun enger gewalteger Explosioun vun enger Supernova, virun 11.000 Joer. Dës Supernova gëtt d'Vela Supernova genannt. No Berechnunge soll am Ufank d'Explosioun 250-mol méi hell wéi d'Venus geliicht hunn a sech mat enger Vitess vu 40 Millioune Kilometer pro Stonn ausgedeent hunn. Dës Vitess huet sech bis haut op 640.000 Kilometer pro Stonn reduzéiert.
Foto, opgeholl mam MPG/ESO-2,2-m-Teleskop. | |
Stärebild | Vela Vel |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 09h 00m 16,9s |
Deklinatioun | -45° 56' 53" |
Ausgesinn | |
Wénkelduerchmiesser | 30' × 7' |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 815 Lj |
Absolutten Duerchmiesser | 114 |
Geschicht | |
Entdecker | John Herschel |
Entdeckungsdatum | 1. Mäerz 1835 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
NGC | 2736 |
ESO | 260-N14 |
Entdeckung
ännerenDen Emissiounsniwwel NGC 2736 gouf den 1. Mäerz 1835 vum britteschen Astronom John Herschel entdeckt.