NGC 2440
Den NGC 2440, och Insektenniwwel genannt, ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Puppis. Den NGC 2440 huet eng Wénkelausdeenung vu ronn 1,32 Bouminutten an eng Hellegkeet vun 9,4 mag. Säin Zentralstär, e Wäissen Zwerg, ass mat knapps 200.000 K Uewerflächentemperatur dee gliddegste bekannte Stär a liicht am visuelle Liicht mat enger visueller Hellegkeet vu 17,7 mag. Seng absolut Liichtkraaft iwwertrëfft déi vun eiser Sonn ëm dat 250-facht.
Eng Foto vum Hubble-Weltraumteleskop | |
Stärebild | Puppis Pup |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 7h 41m 55.36s |
Deklinatioun | - 18° 12' 30.5" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 9,4 mag mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | 10,8 mag mag |
Wénkelduerchmiesser | 1.32 |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 1600 Lj |
Routverrécklung | +0,000209 |
Radialvitess | +62,7 km/s |
Geschicht | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 4. Mäerz 1790 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CS | 14.3 |
GC | 1567 |
h | 3095 |
H | 4.64 |
NGC | 2440 |
ESO | 560-PN9 |
PK | 234+2.1 |
Déi vun dësem Zentralstär ausgestousse Gaswolleke weisen zwou verschidde Regiounen, déi warscheinlech a verschiddenen Zäitraim entstane sinn: eng hell bannenzeg Regioun mat zwéi profiléierten Hellegkeetsschwéierpunkten, dofir dee bäileefeg gebrauchten Numm Insekteniwwel, an en däitlech liichtschwaache baussenzege Beräich mat méi enger grousser Ausdeenung. D'Distanz vum NGC 2440 zu eisem Sonnesystem gëtt allgemeng op 1600 Liichtjoer geschat.
Entdeckung
ännerenDe planetareschen Niwwel NGC 2440 gouf de 4. Mäerz 1790 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
Visuell Observatioun
ännerenDen NGC 2440 gehéiert zu de visuell helle Planetareschen Niwwelen, grad nach hell genuch, fir en och mat enger normaler Webcam un engem mëttelgroussen Instrument ofzeliichten (Foto riets). D'Opfannen ass zimmlech einfach: Knapps 9° nërdlech ass den 3,9 mag helle Stär α Monocerotis am Monocerus. Op hallwem Wee zum NGC 2440, a genee südlecher Richtung, kënnt ee bal automatesch laanscht e weidere Planetareschen Niwwel, den NGC 2438.
Am Okular vun engem mëttelgroussen Instrument mat 8" Ëffnung weist sech den NGC 2440 bei zirka 260-facher Vergréisserung als klengen, liichtschwaachen, diffusen Niwwel, deem seng Form éischter un ee „Gummibierchen“ erënnert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren