Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Den Swesda oder Zvezda, (russesch: Звезда fir Stär) ass de russesche Wunn- an Navigatiounsmodul vun der Internationaler Raumstatioun (ISS). Swesda ass vun RKK Energija gebaut ginn.

Den Swesda-Modul mat enger ugedockter Sojus-Kapsel, opgeholl vun STS-106

De Modul gouf den 12. Juli 2000 mat enger Proton-K-Drorakéit vu Baikonur aus gestart. De Swesda ass ongeféier 13,1 Meter laang, huet e maximalen Duerchmiesser vu 4,15 Meter, eng Mass vu knapps 19,1 Tonnen an ass eng modifizéiert Versioun vum Basismodul vun der Raumstatioun Mir. De Modul huet véier Kopplungsaggregater, dräi passiver vum Typ „SSWP-M 8000“ am kugelfërmegen Iwwergangsdeel um Bug an e passiivt vum Typ „SSWP G4000“ um Heck. Do sinn och Uschlëss a Pompelen, déi geliwwerten Dreifstoff an d'Tanke vum Modul Sarja weiderleeden. Onbemannt Transporter (Progress, ATV), déi all aktiv Kopplungsaggregater vum Typ „SSWP G4000“ hunn, leeën do un. Et kënnen och bemannt Raumgefierer vum Typ Sojus undocken. Ënnerstëtzt gi sou Manövere vun den Uschlosskontrollsystemer Kurs an Toru.

De Swesda besteet aus dräi Deeler. Nom kugelfërmegen Iwwergangsdeel kënnt den zylindresche Haaptdeel an ee weideren zylindreschen, hermetesch verschléissbaren Heckdeel, deen als Erausklammschleis a Stauraum déngt. Am mëttleren Deel si Steierariichtungen, Liewenserhalung, Toiletten an Duschméiglechkeeten, d'Kichen, Trainingsinstrumenter an en ettlech Wunnkabinnen.

Mam Kappdeel gouf de Swesda mam schonn zanter November 1998 mam Modul Sarja verbonnen. Bei der Ukopplung vum 26. Juli hat de Sarja déi aktiv Roll bei der Endphas iwwerholl. Un de béiden anere Stutzen sollten no de Pläng „uewen“ en Energieversuergungsmodul (NEM) mat engem Gittermast, aacht Solarzelleflächen (ongeféier 20 Kilowatt Leeschtung) souwéi engem Manipulater an „ënnen“ een universellt Docking- a Lagermodul (UDM) ukoppelen, an deem sech zousätzlech Ariichtunge fir Liewenserhalung befanne sollten. 2001 gouf d'Energieversuergungsmodul an dem UDM gestrach an d'Zuel vun de geplangte Solarzelleflächen op d'Hallschent reduzéiert. Den NEM-Modul gouf zum Schluss awer gebaut a krut den Numm Rasswet. Et gouf mat der Shuttlemissioun STS-132 am Joer 2010 zu der Statioun bruecht an um Nadir-Stutzen vum Sarja-Modul ugedockt. Um ieweschte Kopplungsstutzen vum Swesda ass en zweete Kopplungsmodul Poisk, deen 2009 ugedockt hat. Am Ament gëtt den „ënneschte“ Stutze vum éischte Kopplungsmodul Pirs (Docking Compartment 1) ageholl, dat souwuel fir d'Undocke vu Raumschëffer déngt wéi och d'Funktioun vun enger Drockschleis erfëllt. 2009 gouf Pirs duerch ee méi grousst russescht Fuerschungsmodul mat der Bezeechnung Poisk ersat ginn. Pirs sollt am Joer 2014 mat engem Progress Raumfrachter vum Statiounskomplex geléist an an d'Äerdatmosphär bruecht ginn, fir dat et do verglouse soll.

Den Swesda selwer huet zwou Solarzellefläche mat enger mëttlerer elektrescher Leeschtung vun zirka fënnef Kilowatt an ass mat engem an Däitschland entwéckelten intelligenten Datemanagementsystem ekipéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Swesda – Biller, Videoen oder Audiodateien