De Sarja (russesch ‚Mueresrout‘) oder FGB (Ofkierzung fir russesch функционально-грузовой блок, (Functional Cargo Block), lëtzeb.: Lager- a Funktiounsmodul ass den éischte Modul vun der Internationaler Raumstatioun (ISS).

Den éischten ISS-Modul Sarja. Foto, opgeholl 1998 vum STS-88 (NASA)

Entwécklung a Bau änneren

D'USA hate beim Ufank vum ISS-Opbau keng Erfarung vun Undriffsmoduler fir eng Raumstatioun. Fir Entwécklungskäschten ze spuere gouf de Sarja am Optrag vun der USA vun der Raumfaartentreprise GKNPZ Chrunitschew a Russland entwéckelt a gebaut. D'Käschte fir de Bau vum Sarja goufe vun den USA iwwerholl, wat en Ëmdenken am US-amerikanesche Raumfaartprogramm duergestallt huet, wat bis dohin haaptsächlech op auslännesch Technik verzicht hat. Beim Bau a bei der Entwécklung vun Sarja gouf intensiv op Pläng vun der TKS-Raumfär zeréckgegraff, déi schonn d'Grondlag fir en ettlech Moduler fir d'Raumstatioun Mir war. De wichtegste Virdeel vum TKS-Modul läit doran, datt et sech komplett selwer iwwer Solarzelle mat Energie versuergt an iwwer agebaut Dreifwierker a Steierdüse Manövere fir d'Lagreegelung maache kann. D'Modul ass zylinderfërmig mat engem kugelfërmege Kappdeel a koneschem Heck, huet eng Längt vun 12,6 Meter an e maximalen Duerchmiesser vu 4,1 Meter. Déi zwou Solarzelleflächen (jee ronn 10,7 Meter × 3,3 Meter) produzéieren eng Duerchschnëttsleeschtung vun dräi Kilowatt. D'Energie kann a sechs Néckel-Cadmium-Batterien gespäichert ginn. De Sarja huet iwwer 24 mëttel an 12 kleng Lagkontrolldreifwierker souwéi zwou grouss Eenheete fir Bunnmanöver. An de 16 baussen ugemaachten Tanks kënne bis zu sechs Tonnen Dreifstoff gelagert ginn. Fir de weideren Ausbau vun der Statioun huet de Sarja dräi Kopplungsstutzen: um Heck ass en aktive Kopplungsstutze vum Typ „SSWP-M 8000“ (am Ament beluecht vu Swesda), am kugelfërmege Kopplungsknuet um Bug ass en androgyne Kopplungsstutze vum Typ „APAS-89“ (am Ament belecht vun PMA-1/Unity) an e passiven Adapter vum Typ „SSWP G4000“ (nadir, am Ament beluecht vu Rasswet).

Start an Installatioun änneren

De Sarja gouf den 20. November 1998 mat enger russescher Proton-K-Rakéit vu Baikonur aus gestart. D'Startmass hat ronn 24 Tonnen. Schonn e puer Deeg nom erfollegräiche Start gouf de Sarja am Kader vun der Shuttle-Missioun STS-88 mat dem éischten US-Modul, der Kopplungsschleis Unity, verbonnen. Aus ongeféier zéng Meter Distanz gouf de Sarja de 6. Dezember vum Manipulatoraarm vun der Raumfär Endeavour erfaasst an iwwer de Kopplungsadapter PMA-1 un d'Unity ugedockt. Am Kader vun dräi Baussenasätz goufe Stroum- an Dateleitunge verbonnen a Bausseninstallatiounsaarbechte gemaach. Weiderhi goufen och Transporthalterunge bannen am Sarja ewechgeholl a Frachtgidder fir déi éischt Crew verstaut.

Aufgaben änneren

Bis Summer 2000 hat den Sarja déi komplett Energieversuergung, Lagreegelung a Klimasteierung fir d'Raumstatioun iwwerholl. Bei der Kopplung mam Modul Swesda de 26. Juli 2000 hat Sarja an der Endphas déi aktiv Roll iwwerholl. Mam weiderem Opbau vun der Statioun goufen Energieversuergung a Lagreegelung vun anere Komponenten iwwerholl. Bestoe bleift d'Funktioun als Dreifstoffspäicher a Lagerraum. Et ass och Raum fir automatesch oflafend Experimenter virgesinn. Am Mee 2010 gou um fräien Undockport (nadir) dat russescht Modul Rasswet ugekoppelt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Sarja – Biller, Videoen oder Audiodateien