De Michel Hazanavicius, gebuer den 29. Mäerz 1967 zu Paräis, ass e franséische Film- an Televisiounsregisseur an Dréibuchauteur.

Michel Hazanavicius
Gebuer 29. Mäerz 1967
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Schauspiller
Member vun WGA West
Famill
Bestuet mat Bérénice Bejo

Hie war schonn als Kand vum Film faszinéiert, gouf am Ufank Stagiaire bei Canal+ a geschwënn duerno Sketch-Auteur fir d'Komikertrio Les Nuls op deem Sender. Duerno huet hien 3 Filmer gemaach, déi aus "Versatzstécker" aus anere Filmer bestoungen an déi, nei synchroniséiert, eng frësch, absurd Geschicht goufen: Derrick contre Superman, wou den Inspekter Derrick zesumme mam Starsky and Hutch an dem Captain Kirk géint de Superman an de Roger Moore kämpfe mussen, Ça détourne (1992) a La classe américaine (1993). Dee leschtgenannten huet aus Copyrightgrënn just eemol däerfe gewise ginn, a bestoung aus enger geckeger Geschicht, an där queesch duerch d'Filmarchiv vu Warner Bros., Zeenen aus Hollywood-Filmer mam John Wayne, James Stewart, Henry Fonda, Paul Newman, Dustin Hoffman oder Robert Redford zesummegeschnidde goufen, woubäi bei der Nei-Synchroniséierung z. D. déi Spriecher geholl goufen, déi och soss deenen Acteuren d'franséisch Stëmm ginn.[1]

Parallel dozou huet den Hazanavicius eng 40 Reklamms-Spotte gedréint, an huet d'Dréibicher vun Delphine 1, Yvan 0 (1996) a Le clone vum Fabio Conversi (1998) geschriwwen. 1999 huet hie bei sengem éischten eegene Film, Mes amis Regie gefouert.

2004 huet hien d'Dréibuch zu Tuez-les tous! geschriwwen, engem Documentaire iwwer de Genozid am Ruanda, an och un deem vu Les Daltons matgeschafft.

Bekannt gouf e virun allem duerch zwou Parodien op Agentefilmer, OSS 117: Le Caire, nid d'espions (2006) an OSS 117: Rio ne répond plus (2009), wou de Jean Dujardin den OSS 117 als e chauvinisteschen, zimmlech dëlpessege franséischen Agent spillt. Béid Filmer zitéiere mat vill Léift zum Detail d'Billerform, Faarwen, Dekoren, Gestik, Musek a verschiddenen Zeene vun den Agentefilmer vun den Enn 1950er an Enn 1960er Joren.

International bekannt gouf den Hazanavicius fir säin Hommage un d'Stommfilmer, The Artist (2011), deen d'Geschicht vum Niddergang vun engem Stommfilmstar erzielt, wéi den Tounfilm bis agefouert gouf, a parallel dozou d'fulgurant Karriär vun enger Dänzerin zum Hollywoodstar weist. De Film ass selwer a schwaarzwäiss an am Format 1,33:1 gedréint, an et gëtt sou gutt wéi keen Originaltoun, just Musek. Och hei gëtt et eng Hellewull un Zitater aus Filmer vun deemools. En huet 2012 ë. a. 3 Golden Globe Awards, 7 BAFTA-Awards, 6 Césaren a 5 Oscare kritt (dorënner all Kéier och fir de besche Film/bescht Regie), an den Dujardin krut de Präis vum beschten Acteur um Filmfestival zu Cannes 2011.

2014 huet hien The Search realiséiert, e Remake vum Fred Zinnemann sengem Film mam nämmlechten Titel vun 1948, deen 1999 am Zweeten Tschetschenekrich spillt.

De Michel Hazanavicius lieft mat der Schauspillerin Bérénice Bejo zesummen; d'Koppel huet zwee Kanner. Aus enger vireger Bezéiung huet hien nach zwee Kanner.

Filmographie änneren

Regisseur änneren

Dréibuchauteur änneren

  • 1992: Ça détourne (Tëleesfilm)
  • 1993: La classe américaine (Tëleesfilm)
  • 1996: Delphine 1, Yvan 0
  • 1998: Le clone
  • 1999: Mes amis
  • 2004: Tuez-les tous! Rwanda: histoire d'un génocide sans importance (Documentaire)
  • 2004: Les Dalton
  • 2006: OSS 117: Le Caire nid d'espions
  • 2009: OSS 117: Rio ne répond plus
  • 2011: The Artist
  • 2014: The Search
  • 2020: Le Prince oublié (Co-auteur)

Um Spaweck änneren

Commons: Michel Hazanavicius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Le cinéma d'Hazanavicius, du pastiche au muet op culture.ulg.ac.be.