Jean-Claude Muller

lëtzebuergesche Linguist a Kulturwëssenschaftler

De Jean-Claude Muller, gebuer den 8. Mäerz 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Linguist (Sanskrit) a Kulturwëssenschaftler.

Jean-Claude Muller
Gebuer 8. Mäerz 1956
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Linguist

No sengem Secondaire am Dikrecher Kolléisch (LCD) huet de J.-Cl. Muller Indian Studies zu Oxford an zu Paräis studéiert a mat enger Maîtrise ofgeschloss.

Hien huet ëm 1988/90 gehollef e puer grouss Ausstellungen ze koordinéieren (1989 - 150 Joer onofhängeg, 100 Joer Nassau-Weilburg-Dynastie,...) an huet duerno e puer Joer am Service Information et Presse vum Staatsministère geschafft.

Vun 1997 bis 2001 war hien Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, woubäi d'Monique Kieffer vun 1999 un Direkter faisant fonction war. Duerno gouf hien zum Koordinator vun de Bibliothéiken an der Groussregioun ernannt. Ënner der Regierung Bettel-Schneider gouf hien da Conseiller culturel am Staatsministère, zoustänneg fir d'Medailen an d'Mémoire.[1]

Hien ass de President vun der Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique a President vum Institut archéologique du Luxembourg zu Arel.

Publikatiounen (Auswiel)

änneren
  • Muller, J.-C. (éditeur), 2013. Ermitages en Europe et au Duché de Luxembourg d'Ancien Régime. Actes du colloque de Schengen 7 & 8 III 2003. Collection « Les Amis de l'Histoire » vol. 22, 488 S. Imprimerie Heintz, Péiteng.
  • "faites-moi la grâce de ne pas dédaigner mon envoi": Réquisitions de manuscrits et trafic d'incunables à Metz, Luxembourg et au pays de Trèves par Jean-Baptiste Maugérard sous le Consulat - Édition de sa correspondance avec van Praet (1802-1803) et d'un inventaire complet des manuscrits d'Echternach et d'Orval réquisitionnés à Luxembourg au profit de la bibliothèque nationale de Paris ; in: Hémecht, Jgg. 52 (Lëtzebuerg, 2000), Heft 1. - Vgl. dozou: Paul Spang, Von der Echternacher Klosterbibliothek zum Zweiten Weltkrieg - Anmerkungen zur Hémecht (...), Jahrgang 52, Heft 1/2000, in: Die Warte / Perspectives, Kulturbäilag am Luxemburger Wort vum 13. Juli 2000

Literatur

änneren
  • jh: The Shining; in: d'Lëtzebuerger Land vum 31. Mäerz 2000.
  • Claude Frisoni, Ça va mieux en le disant ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 20. - 26. Februar 2014.

Referenzen

änneren
  1. etat.lu