Den André-Marie Ampère, gebuer den 22. Januar 1775 zu Poleymieux-au-Mont-d'Or bei Lyon a gestuerwen den 10. Juni 1836 zu Marseille, war e franséische Mathematiker a Physiker.

André-Marie Ampère
Gebuer 20. Januar 1775
Lyon
Gestuerwen 10. Juni 1836
Marseille
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Physiker, Mathematiker, Ingenieur, Philosoph, Chimist, Erfinder
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Royal Society of Edinburgh, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften
Famill
Mamm Jeanne Antoinette de Sarcey
Kanner Jean-Jacques Ampère

Den André-Marie Ampère war Professer fir Physik, Astronomie a Philosophie zu Paräis. Hien huet Grondlagen an der Mathematik (Probabilitéit an Differentialrechnen) an an der Chimie (Affinitéit a Volume vun de Gasen) ausgeschafft an huet och Recherchen iwwer elektromagnéitesch Phenomeener gemaach.

Mat sengen Experimenter an Iwwerleeunge sinn dem Ampère revolutionär physikalesch Entdeckunge gelongen.

Hie gouf de Grënner vun der Elektrodynamik, op där hirer Uwendung och haut nach de Fonctionnement vun alle Generatoren an Elektromotore berout.

Zu sengen Éiere gouf d'Eenheet vun der Stäerkt vum elektresche Stroum Ampère benannt.

Dem André-Marie Ampère säin Numm ass ee vun den 72 Nimm um Eiffeltuerm.

Um Spaweck änneren

Commons: André-Marie Ampère – Biller, Videoen oder Audiodateien