Messier 4
De Kugelstärekoup Messier 4 (kuerz: M 4) steet am Stärebild Scorpius. Am NGC-Katalog huet hien d'Nummer 6121. Den M 4 ass mat 7000 Lj Distanz de notste Kugelstärekoup, dofir gëtt hien dacks fir speziell Ënnersich erugezunn.
De Messier 4, opgeholl mam 2.2m-MPG/ESO Teleskop. | |
Stärebild |
Scorpius (Sco) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 16h 23m 35,41s |
Deklinatioun | − 26° 31' 31,9" |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | F8 |
Konzentratiounsklass | IX[1] |
Visuell Magnitude | 5,8 (flux 7,12) mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | 8,13 ? mag |
Wénkelduerchmiesser | 36,0' |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 7.200 |
Routverrécklung | (2,35 ± 0,01) ∙ 10−4 |
Radialvitess | 70,4 ± 0,4 |
Absolutten Duerchmiesser | 75 |
Alter | 12–13 Mrd. |
Geschicht | |
Entdecker | De Chéseaux |
Entdeckungsdatum | 1746 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
1620-264 | |
M | 4 |
NGC | 6121 |
GCl | 41 |
De Koup huet en Duerchmiesser vu 75 Liichtjoer mat ronn 100.000 Stäre an ass zimmlech schwaach konzentréiert (Klass 9). Hien huet also keng sehr markant zentral Hellegkeet. Eng Studie bei méi wéi 600 Wäiss Zwerge huet en Alter vu ronn 12,7 Milliarde Joer erginn.[2]
Visuellt Bild
ännerenObwuel hie kleng ass, huet den M 4 eng bedeitend Wénkelgréisst an ass dofir en androcksvollen Objet fir die astronomesch Observatioune. Wéinst senger südlecher Positioun ass de Koup allerdéngs fir Amateurastronomen a Mëtteleuropa manner attraktiv wéi z. B. den M5 oder den M19.
Opfälleg ass déi, scho vum Wilhelm Herschel am Joer 1783 beschriwwen, zentral Balkestruktur, déi aus enger 2,5′ laanger Stärerei ongeféier 11. Gréisst besteet a sech bal duerch de ganzen dichte Kär vum Koup zitt.[3]
Entdeckung
ännerenDen M 4 gouf 1746 vum Amateurastronom Philippe Loys de Chéseaux entdeckt an den 8. Mee 1764 vum Charles Messier katalogiséiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Messier 4 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ NED data for the Messier Objects
- ↑ Sterne und Weltraum, Juni 2006, S. 56.
- ↑ Bernd Koch, Stefan Korth: Die Messier-Objekte. Die 110 klassischen Ziele für Himmelsbeobachter. Kosmos-Verlag, Stuttgart 2010.