Mathias Coner

lëtzebuergesche Paschtouer


De Mathias Coner (Kohner), gebuer de 16. November[1] 1760[2] zu Allënster a gestuerwen de 6. Februar 1842 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.[3]

Mathias Coner
Gebuer 16. November 1760
Allënster
Gestuerwen 6. Februar 1842
Iechternach
Aktivitéit Geeschtlechen

Nodeems de Mathias Coner de 27. Mee 1784[4] zu Tréier zum Priister geweit gi war, gouf hie Kaploun zu Lëntgen (Par Miersch). Zwee Joer dono koum hien als Vicaire an d'Stater Niklospar.

Paschtouer zu Messancy änneren

Den 23. Oktober 1793[5] koum hien als Paschtouer op Messancy (Miezeg), dat deemools zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet, aus deem 1795 de franséischen Département des Forêts sollt ginn. Wéi spéiderhin déi Geeschtlech de sougenannte republikaneschen Eed sollte leeschten, huet de Coner dat refuséiert. Hie gouf condamnéiert a sollt deportéiert ginn. Fir net verhaft ze ginn, huet hie sech misse verstoppen. Am Laf vum Joer 1798 hunn d'Gendaarmen hien awer enges Daags am Paschtoueschhaus erwëscht. Ma, do hu sech – sou heescht et – d'Fraen aus dem Duerf mat Biesemsstiller a soss improviséierte Waffen op si gestierzt a si verjot. Am Februar 1800 ass dem Coner seng Condamnatioun opgehuewe ginn a vun 1801 u konnt hien nees ëffentlech d'Mass halen.[6]

Dechen zu Iechternach änneren

Den 20. Februar 1806 krut de Mathias Coner eng Nominatioun als Paschtouer vum Kanton an der Par Iechternach (curé du canton et paroisse d'Echternach).[7] De 17. Mee 1806 gouf hien a säin Amt agefouert.[8] 1820 kruten d'Kantonspaschtéier den Titel « Dechen ».[9]

Dem Willibrord säi Graf änneren

De Coner huet sech beméit, d'Willibrordusreliquien, déi zënter dem Saccage vun der Abteikierch an dem Opbrieche vum Willibrord sengem Graf am Joer 1794 a Privatbesëtz waren, erëmzekréien. 1826 krut de Coner vum Willibrord Meyers, dem fréiere Kaploun vu Bäerdref, dem Willibrord seng Schanke, déi dësen den 8. November 1794 am Chouer vun der Abteikierch opgesammelt hat, iwwerreecht.[10] 1828 krut hien och dem Willibrord säi merowengesche Steesarg (Sarkophag), deen a Privatbesëtz iwwergaange war a vu sengem Iechternacher Proprietär als Blummebac benotzt gouf, zeréck.[11] De Sarg gouf mat de Schanken an der Parkierch ënner dem Héichaltor ënnerbruecht. 1832 konnt de Coner der Eppelduerfer Kierchefabréck, dem deemolege Proprietär vum Willibrord sengem Barock-Holzsarkophag vu 1624, dëst wäertvollt Stéck ofkafen. De Steesarg mat de Reliquie gouf dunn an den Holzsarkophag geluecht an nees ënner dem Héichaltor vun der Parkierch opgestallt.[12] Do sollt de Steesarg och bis 1906 bleiwen, wou hien an d'Basilika transferéiert an an engem neie Marmer-Grafmonument am neogotesche Styl ënnerbruecht gouf, dat virun der Trap vum Chouer stoung. Den Holzsarkophag blouf an der Parkierch. An d'Krypta vun der Basilika, déi bis 1923 a Privatbesëtz war a bis dohin als Gromperen- a Wäikeller benotzt gouf, koum de Willibrord eréischt 1938.[13]

D'Muttergotteskapell änneren

Den 30. Oktober 1811 huet de Coner dem Apdikter Franz Heldenstein d'Iechternacher Muttergotteskapell op seng Käschten ofkaaft an dono an Tranchë bezuelt. Den Heldenstein hat si 1798, wéi si als « bien national » versteet gouf, kaaft an huet si als Scheier benotzt. Nodeems de Coner dem Apdikter alles bezuelt hat, huet hien am Mäerz 1813 d'Kapell der Iechternacher Parkierch geschenkt.[14]

D'Kräizkapell änneren

Am Juni 1798 gouf d'Iechternacher Kräizkapell als « bien national » versteet a fir 30.700 Livres vum Iechternach Geschäftsmann Joseph Faust[15] kaaft. Deen huet si am Juni 1803 dem Baron François Ignace Etienne de Bivitz (alias Lulange de Bivitz) verkaf. Dësen ass den 12. Februar 1811 zu Iechternach an der Wollefsgaass am Alter vu 56 Joer verstuerwen.[16] Deem seng Wittfra, d'Maria Elisabeth de Hout, mat där hie sech 1775 bestuet hat[17], huet de 5. Abrëll 1811 dem Coner d'Kräizkapell geschenkt ënner der Bedingung, datt do all Joer eng Rei vu feierleche Massen, am Ganzen eelef, fir hire Mann a si a fir verschidde Membere vun der Famill Hout gehale géifen. D'Kapell war deemools allerdéngs an engem schlechten Zoustand ; de Coner konnt awer just den Daach an d'Fënsteren e bëssen an d'Rei setzen.[18]

Aner Reliquien änneren

Am Mee 1811 huet de Coner vun zwou Schwësteren aus dem fréieren Irmineklouschter vun Tréier déi zwéin Deeler vum Willibrord sengem Bousskleed (Cilicium), dat fréier zu Iechternach versuergt gouf, iwwerreecht kritt an hien huet déi Reliquie an der Parkierch an engem Schaf mat Glas ausgestallt.[19]

Am September 1814 huet hie vum Iechternacher Bierger Jean Henri Willibrord Gloner de sougenannte Sebastiansfeil geschenkt kritt, deen de Willibrord der Iwwerliwwerung no vu Roum matbruecht hat. De Gloner war Steierreceveur zu Iechternach. Hie war 1777 zu Uespelt op d'Welt komm an hat sech ëm 1777 an der Stad mat der Marguerite Dell bestuet. Hien ass am Juli 1843 zu Iechternach gestuerwen. Hie war de Papp vum Dokter Jean Charles Gloner. De Feil, deen an enger sëlwerer Fassung war, hat hien aus der Ierfmass vum fréiere Pater Sebastian Koenig opkaaft. Dëse Feil, op deen d'Iechternacher Par houfreg war, gouf 1970 aus dem Reliquieschaf vun der Basilika gestuel.[20]

1832 huet d'Famill Föhr (Foehr) dem Coner dee gréissten Deel vun de Willibrordusreliquien, déi hire Virfar Balthasar Föhr 1794 gerett hat, iwwerreecht. De Balthasar Föhr war Metzler zu Iechternach an huet op dem Maart gewunnt. Hie war 1741 zu Tréier-St.-Laurentius op d'Welt komm. Am Juli 1766 hat hie sech mat der Lucie Bernard (1746-1798) vun Iechternach bestuet. Hien ass de 16. Februar 1808 zu Iechternach gestuerwen.[21]

D'Famill änneren

Dem Coner seng Eltere waren de Stephan Kohner (*1727 Allënster) an d'Anna Margaritha (Margretha) Brosius (*1729 Garnech). Si hate sech den 21. November 1757 zu Jonglënster bestuet. D'Koppel krut sechs Kanner : d'Catharina (1759), de Mathias (1760), de Christophorus (1762), d'Maria Eva Theresia (1764), an dann den 20. Abrëll 1766 Zwillingen, den Henericus an d'Margretha, no deenen hirer Gebuert d'Mamm gestuerwen ass. Dem Mathias Coner säi Papp huet sech de 5. August 1767 fir zweet bestuet, an zwar mat der Susanna Brosius,[22] Duechter vum Michael Brosius an der Barbara Hultgen (alias Hultier). Si war den 30. November 1738 zu Koler gebuer [23] a krut dräi Kanner, d'Barbara (1770), d'Anna (1772) an d'Maria Elisabetha (1779).[22]

De 5. Januar 1829 ass zu Iechternach eng 1766 gebuere Margaretha Coner gestuerwen.[24] Dobäi handelt et sech sécherlech ëm dem Mathias Coner seng Schwëster Margretha, déi warscheinlech bei him als Haushälterin gelieft huet.

De 4. Februar 1851 ass eng weider Margaretha Coner zu Iechternach gestuerwen, déi och zur Famill vum Deche gehéiert huet. Si war d'Wittfra vum Pierre Etgen, mat deem si sech am Oktober 1813 an der Fiels bestuet hat. Hie gouf am Mäerz 1789 an der Fiels gebuer an ass do am September 1819 gestuerwen ass. D'Margaretha Coner ass am Februar 1789 an der Fiels op d'Welt komm als Duechter vum Henericus Khoner (sic), 1754 zu Allënster gebuer, an der Marguerite Bredemus (Bredimus) (1756-1811), déi sech am November 1786 zu Noumer bestuet haten. Den Henericus war de Jong vum Johann Kohner vun Allënster.[25]

Zu der Famill vum Coner zur Säit vu senger Stéifmamm huet och den Henri (Henricus) Brosius gezielt, deen de 15. November 1790 zu Koler op d'Welt koum a Geeschtleche gouf. Hie gouf 1818 zum Priister geweit a koum als Kaploun op Munneref an dono an der selwechter Funktioun op Iechternach. Do huet hien donieft vum November 1821 bis un d'Enn vum Schouljoer 1823/1824 als Professer am Iechternacher Collège communal, deen am Hihof ënnerbruecht war, enseignéiert. Viru senger Nominatioun als Professer, den 19. Oktober 1821, hat hie schonn am Laf vum Schouljoer 1820/1821 Kontakt mat dëser Schoul, wou hien de Professer Jacques Stümper, dee krank war an den 23. Juni 1821 am Alter vu 56 Joer zu Iechternach gestuerwen ass, ersat.[26] Vun 1825 un huet den Henri Brosius als Vicaire d'Succursale vu Corroy-le-Château geleet. Hien ass den 30. Juni 1868 zu Autelhaut[27] gestuerwen a gouf den 2. Juli 1868 zu Koler begruewen.[28]

Literatur änneren

  • Anonymus, 2003. Personnagen: Mathias Coner. Lëtzebuerger Journal 2003-02-06, Nr. 26, S. 19.
  • Blum, M., J. Zieser & A. König, 1930. Series Pastorum. Luxemburg, 180 S. + 77 S.
  • Didier, N., 1940. Die berufenen Wächter am Grabe des heiligen Willibrord im 19. und 20. Jahrhundert. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei, S. 394-420, Tafel LXXIV-LXXV. [Neuauflage 1958].
  • Goetzinger, N., 1940. Die Kirche und das Grab des heiligen Willibrord in Echternach im 19. und 20. Jahrhundert. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei, S. 161- 240. [Neuauflage 1958].
  • Kauthen, P., 1992. Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 45-169.
  • Kauthen, P., 2012. Pfarr-Register der Pfarrei Echternach betreffend die Zeit seit dem Amtsantritt von Pfarrer Oswald Keess im Jahre 1704 bis zur Überführung der Reliquien des hl. Willibrord im Jahre 1906. Übersetzt und übertragen von Pierre Kauthen. Echternach, Willibrordus-Bauverein, 182 S.
  • Kiesel, G., 1939. Die Hüter und Betreuer des Willibrordusgrabes. Luxemburger Marienkalender 1940, S. 45-47.
  • Klein, E.J., 1936. Franç. Aug. Tinant. Ein Gedenkblatt zum 100. Jahrestage der Herausgabe seiner « Flore Luxembourgeoise ». Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NS 14, S. 1-27.
  • Massard, J. A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S.
  • Muller, F., 1856. Versuch einer Chronik des Studienwesens in Echternach, besonders seit dem Ende des vorigen Jahrhunderts bis zur Gründung des Königl.-Großherzoglichen Progymnasiums im Jahre 1841. Königlich-Großherzogliche Mittel- und Gewerbschule zu Echternach, Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1855-1856, S. 13-47.
  • Neyen, A., 1860 Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 1. Luxembourg, J. Joris, VI-480 S.[3]
  • Schaack, E., 1895. Geschichte der Grabstätte des hl. Willibrord. Luxemburger Wort 1895-01-18, S. 2, Nr. 18 (4. Fortsetzung) ; Luxemburger Wort 1895-01-21, S. 2, Nr. 21 (5. Fortsetzung).
  • Seiler, E., 1998. Dekanat und Pfarrei Echternach. Nos Cahiers 19 (2-3), S. 293-361.
  • Spang, P., 1974. 150 Jahre "Eechternoacher Kolléisch". Die Geschichte des Echternacher Kommunal-Kollegiums (1821, 1825 bis 1841). Luxemburger Marienkalender 1975, S. 32-39.
  • Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg, St. Paulus Druckerei, 224 S. (T Hémecht, Zeitschrift für Luxemburger Geschichte, 1952, 5. Jg., Heft 2 u. 3).
  • Webers, T., 2017. Familienbuch der Gemeinde Echternach (1796–1923). Gemeinde Echternach & luxracines asbl (Hrsg.), 751 S.

Referenzen änneren

  1. Diözesanarchiv Luxemburg, Junglinster, Taufen – Heiraten – Sterbefälle – 1744 - 1797 | KB-37.[1], Schreifweis vum Numm am Dafregëster: Mathias Kohner ; Luxroots 2018-2020 ; Kauthen 2012, S. 13.
  2. Neyen 1860, S. 129, an Anonymus 2003 ginn d'Joer 1761 un (ouni de Gebuertsdag), grad esou wéi : Webers 2017, S. 92.
  3. Neyen 1860, S. 129-132 ; Kiesel 1939 ; Didier 1940, S. 398-403 ; Kayser 1939 ; Anonymus 2003 ; Massard 1988, S. 207.
  4. Didier 1940, S. 399 ; laut Neyen 1860, S. 129, an Anonymus 2003 wier dat eréischt 1788 gewiescht.
  5. Didier 1940, S. 399 ; laut Neyen 1860, S. 129, an Anonymus 2003 wier dat eréischt 1795 gewiescht.
  6. Didier 1940, Neyen 1860.
  7. Blum et al. 1930, S. 70 ; Didier 1940 ; Massard 1988 ; Seiler 1998, S. 310 ; Kauthen 2012, S. 158. – Neyen 1860 an Anonymus 2003 ginn d'Joer 1805 un.
  8. Didier 1940 ; Kauthen 2012, S. 158.
  9. Donckel, E., 1950. Die Kirche in Luxemburg von den Anfängen bis zur Gegenwart. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei, S. 128.
  10. Kauthen 2012, S.168. Kuck och: Kauthen, P., 2020. Das Reliquienkästchen des Willibrord Meyers. In Dei nomine Feliciter Nr. 60, Juni 2020, S. 2.
  11. Staud & Reuter 1950, S. 66.
  12. Schaack 1895 ; Goetzinger 1940, S. 184-189 ; Staud & Reuter 1952, S. 75-76 ; Seiler 1998, S. 310-311 ; Kauthen 2012, S. 160.
  13. Luxemburger Wort 1906-06-06, S. 2 (Die Uebertragung der Gebeine des hl. Willibrord) ; Goetzinger 1940, S. 205-206 ; Staud & Reuter 1950, S. 78-79.
  14. Staud & Reuter 1952, S. 193 ; Kauthen 2012, S. 160.
  15. De Faust war den 1. Mäerz 1766 zu Wittlich op d'Welt komm ; hie war mat der Johanna Lambert aus der Stad bestuet an hat dräi Kanner, déi zu Iechternach gebuer goufen (Webers 2017, S. 157).
  16. Gemeng Iechternach, Stierfregëster 1811, Nr. 10 (François Ignace Etienne Debivitz) ; Webers 2017, S. 100.
  17. L. Hellwig & K. G. Oehms: Familienbuch der Großpfarrei Echternach 1638-1800. WGfF, Bd. 310, Köln 2016. DVD Vol. 16.
  18. Kauthen 2012, S. 158-159.
  19. Goetzinger 1940, S. 185 ; Staud & Reuter 1952, S. 75 ; Seiler 1998, S. 311 ; Kauthen 2012, S. 161.
  20. Seiler 1998, S. 311 ; Kauthen 2012, S. 161 ; Webers 2017, S. 193.
  21. Staud & Reuter 1952, S. 62 a 75.
  22. 22,0 22,1 Luxroots.
  23. Diözesanarchiv Luxemburg, PA. Matrikelbücher. Pfarrei. Garnich, Nummer : Kb 05. Taufen 1722-1796. [2]
  24. Webers 2017, S. 92.
  25. Webers 2017, S. 155 ; Luxroots.
  26. Muller 1856, S. 27-28 ; Kauthen 1992, S. 52-53 ; Spang 1974.
  27. De Muller (1856, S. 27) schreift, de Brosius wier « Hauskaplan bei Hrn. Tinant zu Elter » gewiescht. Beim Här Tinant handelt et sech ëm den Affekot a Politiker François Sébastien Tinant, 1771 zu Izel gebuer an 1840 zu Autelbas gestuerwen, de Mann vun der Auguste Marie de Tornaco, déi hie 1799 bestuet hat (Klein 1936 ; PARLEMENT.com). 1802 huet hien d'Schlass vun Elter (Château d'Autelbas) kaaft. Säi Brudder Charles François Joseph Tinant (1778 Izel - 1849 [Arel]), dee spéider Steierdirekter zu Arel war, huet virdrun zu Iechternach als « receveur des droits réunis » gewunnt an huet sech do 1810 mat der Marianne Pauline Nicole (de) Haulleville bestuet (Klein 1936 ; Webers 2017, S. 588 ; Acte de mariage). Dësen huet also de Coner, eventuell och de Brosius, kannt an huet warscheinlech sengem Brudder de Brosius als Kaploun recommandéiert. Hale mer nach fest, datt de François Sébastien an de Charles François Joseph Tinant Bridder vum « garde général forestier » François Louis Tinant, dem Papp vum Botaniker François Auguste Tinant, waren (Klein 1936).
  28. Luxemburger Wort 1868-07-08, S. 3 (Kahler, 2. Juli) ; Luxroots.