Georges Kiesel

lëtzebuergesche Geeschtlechen

De Georges Kiesel, gebuer de 7. Juli 1911 zu Iechternach a gestuerwen de 27. Abrëll 2002 zu Gehrden (D), war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.

Georges Kiesel
Gebuer 7. Juli 1911
Iechternach
Gestuerwen 27. Abrëll 2002
Gehrden
Educatioun Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Auteur, Geeschtlechen, Lycéesprofesser
Member vun Section historique vum Institut grand-ducal

De Georges Kiesel ass den 19. Juli 1936 an der Kathedral vu Lëtzebuerg zum Priister geweit ginn. Vun 1936 bis 1941 war hie Koadjutor am Stater Konvikt, vun 1941 bis 1945 Vikar zu Iechternach, vun 1945 bis 1951 Direkter vum Iechternacher Konvikt. Vun 1945 bis 1951 war hie Chargé de cours a vun 1951 bis 1976 Reliounsprofesser an Aumônier am Iechternacher Kolléisch. Donieft huet hie vun 1951 bis 1955 op der Universitéit vu Saarbrécken studéiert an huet do am November 1968 mat enger Dissertatioun iwwer den hl. Willibrord an der Konscht den Doktertitel (Dr. phil.) kritt.

1964 krut de Georges Kiesel de Peter-Wust-Präis. 1974 gouf hie „membre correspondant“ vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal. 1988 ass hien Éieren-Doumhär (chanoine honoraire) vun der Kathedral vu Lëtzebuerg ginn.

De Georges Kiesel huet vill iwwer d'Iechternacher Basilika, d'Iechternacher Sprangpressessioun an de Willibrord respektiv de Willibrorduskult publizéiert. Säi Standardwierk ass seng Dokterthees, déi ënner dem Titel „Der heilige Willibrord im Zeugnis der bildenden Kunst“ am Joer 1969 an der Rei vun de „Publications nationales du Ministère des Arts et des Sciences – Luxembourg“ publizéiert gouf.

En Iwwerbléck iwwer seng sëllege Publikatioune vun 1937 un gëtt d'Bibliographie, déi den Emile Seiler 1991, 1996 an 2001 am „Wort“ publizéiert huet, mat dobäi 57 Päischtartikele fir d'Sprangpressioun a 57 Novemberartikele fir d'Fest vum hl. Willibrord.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Kiesel, Georges, 1945. Das Ruinenelend der Willibrordusbasilika. Luxemburger Wort 1945-11-07, S. 1.
  • Kiesel, Georges, 1956. Vom abendländischen Rang der Echternacher Buchmalerei. Cahiers luxembourgeois 1956, N° 5, S. 104-114.
  • Kiesel, Georges, 1957. Die Mönchsfigur auf der Brücke. Zum 350. Todesjahr des Historikers Johannes Bertels. Luxemburger Marienkalender 1957, S. 48-52.
  • Kiesel, Georges, 1966. Bernard Reimen, 1895-1964. Journal des Professeurs 46, S. 67-71.
  • Kiesel, Georges, 1969. Der heilige Willibrord im Zeugnis der bildenden Kunst. Ikonographie des Apostels der Niederlande mit Beiträgen zu seiner Kultgeschichte. Publications nationales du Ministère des Arts et des Sciences, Luxembourg, 553 S., 256 Abb.
  • Kiesel, Goerges, 1972. Die Springprozession des hl. Willibrord : Geschichte und Deutung eines Kultphänomens. In: Harmonie municipale Echternach 1872-1972. Luxembourg, Impr. St. Paul, S. 135-157.
  • Kiesel, Georges, 1977. Die Denkmalstatue auf der Sauerbrücke. In: Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Echternach, Impr. Burg, S. 105-122.
  • Kiesel, Georges, 1977. Echternach Anno 1877. Rückblendlichter auf eine vergessene Geschichte. In: Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Echternach, Impr. Burg, S. 149-162.
  • Kiesel, Georges & Jean Schroeder, 1989. Willibrord, Apostel der Niederlande, Gründer der Abtei Echternach. Gedenkgabe zum 1250. Todestage des angelsächsischen Missionars. Luxembourg, Impr. St-Paul, 367 S.
  • Kiesel, Georges, 1992. Echternach, ein Stern am hohen Himmel der Buchmalerei. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 27-33.

Literatur änneren

  • Hausemer, Georges, 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, 479 S. [Georges Kiesel: S. 208-209].
  • Heiderscheid, André, 2002. In honorem Professor Dr. Georges Kiesel. Die Warte 2002-05-16, S. 3, Nr. 16.
  • Schroeder, Jean & Trauffler, Henri, 1996. Professor Georges Kiesels wissenschaftliches Werk. In: Ad Dei gloriam, in Sancti Willibrordi honorem, ad Hominum salutem. Luxemburger Wort 1996-07-06, S. 8.
  • Seiler, Emile, 1991. Bibliographie von Ehrendomherr Prof. Dr. Georges Kiesel. In: Zum 80. Geburtstag von Professor Georges Kiesel. Ein Leben im Dienst des heiligen Willibrord. Luxemburger Wort 1991-07-06, S. 8-9, Nr. 154.
  • Seiler, Emile, 1991. Zur Person des Jubilars. In: Zum 80. Geburtstag von Professor Georges Kiesel. Ein Leben im Dienst des heiligen Willibrord. Luxemburger Wort 1991-07-06, S. 8-9, Nr. 154.
  • Seiler, Emile, 1996. Willibrordforschung und Verehrung als Lebenswerk. Prof. Dr. Georges Kiesel zum 85. Geburtstag und zum 60jährigen Priesterjubiläum. In: Ad Dei gloriam, in Sancti Willibrordi honorem, ad Hominum salutem. Luxemburger Wort 1996-07-06, S. 8.
  • Seiler, Emile, 1996. Bibliographie [von Georges Kiesel]. Nachtrag. In: Ad Dei gloriam, in Sancti Willibrordi honorem, ad Hominum salutem. Luxemburger Wort 1996-07-06, S. 9.
  • Seiler, Emile, 2001. Non recuso laborem. Zum 90. Geburtstag und 65. Priesterjubiläum von Prof. Georges Kiesel. Die Warte 2001-07-05, S. 1-2, Nr. 23 [inkl. Bibliographie: 57 Pfingstartikel zur Springprozession von Prof Georges Kiesel im „Luxemburger Wort“; 57 Novemberartikel zum Fest des hl. Willibrord von Prof Georges Kiesel im „Luxemburger Wort“].
  • Seiler, Emile, 2002. Bonum certamen certavi, cursum consumavi, fidem servavi: Dr. phil. Georges Kiesel zum Gedenken. Die Warte 2002-06-20, S. 1-2, Nr. 20.
  • Spang, Paul, 1996. Georges Kiesel und Echternach. In: Ad Dei gloriam, in Sancti Willibrordi honorem, ad Hominum salutem. Luxemburger Wort 1996-07-06, S. 9.
  • Wilhelm, Frank, 1991. Georges Kiesel. Écrivain. In: Zum 80. Geburtstag von Professor Georges Kiesel. Ein Leben im Dienst des heiligen Willibrord. Luxemburger Wort 1991-07-06, S. 9, Nr. 154.