Mathematiker

Persoun mat déiwe Kenntnisser an der Mathematik

D'Mathematiker beschäftege sech mat der Weiderentwécklung vum Fachgebitt vun der Mathematik a mat der Applikatioun vun Erkenntnesser op praktesche Wäerter. D'Applikatioun vu mathematesche Methode féiert zu exakten Erkenntnesser an Aussoen, a bestëmmten Deelgebidder och zu quantitative Resultater (z. B. aus der Numerescher Mathematik an der Statistik).

De Schwäizer Leonhard Euler (1707-1783) war zu senger Zäit dee gréisste Mathematiker.

D'Mathematiséierung déi all Dag méi grouss gëtt féiert dozou, datt Mathematiker a ville Beräicher agesat ginn, ë. a. Fuerschung an Entwécklung, an den Wirtschaftswëssenschaften, an der Versécherungsentreprise, am Ëffentlechen Déngscht (Schoulen an Universitéiten, Statistik), am Marketing, an der Meteorologie, an der Logistik, an der Bildveraarbechtung, an der Sécherheetstechnik an natierlech an der Informatiounstechnik.

Si kënnen op Spezialgebidder schaffen, sou z. B. Numeresch Mathematik, Statistik, Mathematesch Logik, Algeber, Geometrie, Analysen, Modelltheorie a Warscheinlechkeetstheorie. Well vill Verfaren an Technike sech och op aner Deelberäicher iwwerdroe loossen, ass eng Ofgrenzung an der Praxis schwéier.

Studiecontenu änneren

  00Bei dësem Artikel oder dësem Kapitel feelen nach Referenzen, déi eenzel Aussoe beleeën. Hëlleft wgl. mat, fir dës Quellen nozesichen oder bäizesetzen. Net beluecht Aussoe riskéiere soss, ewechgemaach ze ginn.

De Studiecontenu am Grondstudium ëmfaasst an der Reegel: Analys, Linear Algeber, ugewannte Mathematik (Numeresch Mathematik oder Stochastik), e Walflichtfach.

Bestanddeeler vum Haaptstudium:

  • Reng Mathematik (Algeber, Analys, Funktiounentheorie, Differentialgeometrie, Topologie, Zuelentheorie)
  • Ugewannte Mathematik (Mathematesch Statistik, Numerik vun Differentialgläichungen, Funktiounalanalys, Warscheinlechkeetstheorie, diskreet Mathematik, Steierungstheorie, Optimiséierung, Methoden, Algorithmen)
  • Netmathematesch Applikatiounsfächer (z. B. Wirtschaftswëssenschaften, Informatik, Physik, ingenieurtechnesch Wëssenschaften, Biologie, Chimie) a Fächer wéi Philosophie a Wëssenschaftsgeschicht)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mathematiker – Biller, Videoen oder Audiodateien