Société préhistorique luxembourgeoise

D'Société préhistorique luxembourgeoise (S.P.L.) regruppéiert zu Lëtzebuerg Leit, déi sech fir d'Virgeschicht an d'Protogeschicht interesséieren. D'Gesellschaft huet 199 Memberen (2013), dovu 34 am Ausland. Si huet hiren offizielle Sëtz zu Waldbëlleg.

Racloir, Zeechnung vum Léopold Reichling

D'S.P.L. ass den 11. Juni 1979 an der Stad gegrënnt ginn. Grënnungsmembere waren: Germaine Geiben-Bianchy (Dikrech), Joseph Herr (Dikrech), Marcel Lamesch (Lëtzebuerg), Jean Joseph (John. J.) Muller (Lëtzebuerg), Liette Muller-Schneider (Lëtzebuerg), Fernand Spier (Lëtzebuerg), Norbert Theis (Esch-Uelzecht), Édouard Thibold (Iechternach), Georges Thill (Gonnereng), Raymond Waringo (Beetebuerg) a Pierre Ziesaire (Briddel). De Fernand Spier gouf President, de Pierre Ziesaire Vizepresident, de John. J. Muller Sekretär an de Georges Thill Tresorier.

De Sëtz vum Veräi war am Ufank an der Stad; 2007 gouf en op Waldbëlleg transferéiert.

D'S.P.L. publizéiert zanter 1979 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise[1], an deem virun allem Fuerschungsaarbechten iwwer d'Virgeschicht (am wäite Sënn) zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland, publizéiert ginn. Bis Enn 2019 si 40 Bänn erauskomm. De Veräin organiséiert och Konferenzen a Colloquen, grad wéi Exkursiounen, Visites guidées an Ausstellungen.

Wëssenschaftler, déi mat der SPL verbonne waren/sinn änneren

Literatur änneren

  • Spier, F., 2009. Les 30 ans de la Société Préhistorique Luxembourgeoise: un aperçu historique, 1979-2009. Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise 29 (2007), S. 9-40.
  • Muller-Schneider, J.J., 2009. Les activités de la Société Préhistorique Luxembourgeoise au fil des années. Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise 29 (2007), S. 41-55.
  • Muller-Schneider, J.J., 2009. L'acte constitutif de la Société Préhistorique Luxembourgeoise: les statuts. Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise 29 (2007), S. 77-79.

Referenzen änneren

  1. Zanter 1991 dréit de Bulletin den Ënnertitel "Revue interrégionale de pré- et protohistoire".