Jean Brachmond

lëtzebuergesche Paschtouer a Resistenzler

De Jean Brachmond, gebuer den 8. Mäerz 1892 zu Rueder (Par Maarnech) a gestuerwen de 15. Juli 1942 am Kazett Dachau, war e lëtzebuergesche Paschtouer a Resistenzler.

Jean Brachmond
Gebuer 8. Mäerz 1892
Rueder
Gestuerwen 15. Juli 1942
KZ Dachau
Aktivitéit Paschtouer, Resistenzler


Erënnerungsplack op der Kierch zu Mompech.

De Jean Brachmond huet de 14. Juli 1918 seng Ordinatioun gefeiert a gouf duerno Koadjutor am Konvikt zu Iechternach (1918-1919)[1] an dann zu Dikrech. Déi nächst Etappe vu senger geeschtlecher Carrière waren: Kaploun zu Déifferdeng a Parverwalter zu Zowaasch; Kaploun am Stadgronn (1926-1929); Paschtouer zu Knapphouschent (1929-1935); Paschtouer zu Méischdref (Gemeng Mompech) vum 26. August 1935 un.

De 25. November 1940 gouf hie vun de Preise wéinst senger patriotescher Haltung verhaft a koum schliisslech iwwer d'KZ Sachsenhausen[2] an d'KZ Dachau, wou hien am Alter vun nëmme 50 Joer gestuerwen ass.

A senger Sëtzung vum 22. Oktober 2007 huet de Mompecher Gemengerot decidéiert, dem Vizinalwee "ënnerëm Flouerbierg" den Numm "Jean-Brachmond-Strooss" (L-6691 Moersdorf) ze ginn.[3]

Literatur änneren

  • Bernard, J., 1962. Pfarrerblock 25487: ein Bericht. Hrsg. von Charles Reinert und Gebhard Stillfried. Anton Pustet, München, 171 S.[4]
  • Heiderscheid, A., 2007. Treu bis in den Tod! Sie starben vor 65 Jahren, treu ihrem Glauben, ihrer Kirche, ihrer Berufung, ihrer Heimat. In: Die Warte, Jg. 59 (2007), Nr. 30 (15. November), S. 13-15.
  • Kohn, C.P., 1990. Erinnerungen an einen grossen Resistenzler: vor 50 Jahren wurde abbé Jean Brachmond, Pfarrer in Moersdorf von 1935-1942, verhaftet. In: Luxemburger Wort 1990, Nr. 271 (24. November), S. 14.
  • Kohn, C.P., 1993. Gedenken an Pfarrer Jean Brachmond: zu seinem 50. Todesjahr und 100. Geburtstag. In: Luxemburger Wort 1993, Nr. 16 (19. Januar), S. 8.
  • Kohn, C.P., 2009. Einem Patrioten, Resistenzler, KZ-Häftling und Märtyrer zu Ehren: Hommage an Jean Brachmond, Pfarrer von Moersdorf 1935-1942. In: Luxemburger Wort, 16. Dezember 2009, S. 11-12.
  • Weiler, E., 1971. Die Geistlichen in Dachau sowie in andern Konzentrationslagern und in Gefängnissen: Nachlaß von Pfarrer Emil Thoma. Erweitert und herausgegeben von Pfarrer E(ugen) Weiler. Missionsdruckerei St. Gabriel, Mödling 1971,1158 S.

Weider Literatur änneren

  • Fir Hemecht a Glaf. Luxemburger Wort 1945, Nr. 174-176 (23. Juni), S. 3. [2]
  • Lëtzeburg biéd fir d'Martyrer aus dem Klerus. Luxemburger Wort 1945, Nr. 177 (26. Juni), S. 3. [3]
  • Deux anniversaires. Luxemburger Wort 1945, Nr. 195-196 (14. Juli), S. 3. (Artikel vum J.B. = Jean Bernard, betrëfft: Théophile Becker a Jean Brachmond). [4]
  • Aus dem Großherzogtum: Born. Tageblatt 1947, Nr. 296 (24. Dez.), S. 13 (Geriichtsverhandlung géint den Eug. Maquil, e Bäcker vu Bur, Gemeng Mompech, deen zweemol de Brachmond dénoncéiert a sou zu deem senger Verhaftung beigedroe soll hunn). [5]

Referenzen änneren

  1. E. Seiler: Das bischöfliche Konvikt Sankt Willibrord. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg 1992, S. 248.
  2. Tageblatt 1947, Nr. 296 (24. Dez.), S. 13 (kuck: weider Literatur).
  3. Gemengebuet: Informatiounsblat fir de Bierger aus der Gemeng Mompech, 4/2007, S. 1. [1]
  4. Dësen Text gouf fir d'éischt a ville Fortsetzungen ënner dem Titel "Dachau: Aus dem Tagebuch eines Häftlings" tëscht dem 19. Mee 1945 an dem 4. Juni 1946 am "Luxemburger Wort" publizéiert.