André Bruns

lëtzebuergesche Spezialist vun der Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg

Den André genannt Änder Bruns, gebuer den 23. Mee 1958 a gestuerwen de 24. Juni 2023[1], war e lëtzebuergesche Spezialist vun der Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg.[2]

André Bruns
Gebuer 23. Mee 1958
Gestuerwen 24. Juni 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Eisebunner, Fuerscher

Hie war vu Beruff Eisebunnsbeamten, ma huet a senger Fräizäit joerzéngtelaang iwwer d'Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg gefuerscht, sou dass hien en unerkannte Fachmann iwwer Militärgeschicht a Festungsbau gouf. Säi Schwéierpunktthema war d'Bundesfestung 1815-1867, an d'Belagerung duerch de Louis XIV. am Joer 1684, wouriwwer hien och Bicher an Artikele geschriwwen huet. Hie war Grënnungsmember, vun 1996 bis 2005 President a vun 2006 bis zu sengem Doud Bibliothecaire am Veräi Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg.

Tëscht 2011 an 2018 war hie wëssenschaftlechen Assistent am Musée Dräi Eechelen, an dono huet hien am Lëtzebuerger Nationalarchiv d'Archivfongen aus dem 19. Joerhonnert erfuerscht a kategoriséiert.

Hien huet och eng Rëtsch Ausstellungen kuratéiert.

Publikatiounen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Auswiel

  • Das Leben in der Bundesfestung Luxemburg (1815-1867). Musée d' histoire de la Ville de Luxembourg, 1993 [Ausstellungskatalog].
  • "Les sièges de Thionville de 1639 et de 1643." Hémecht : Zeitschrift für Luxemburger Geschichte = revue d'histoire luxembourgeoise Luxembourg Jg. 62(2010), H. 3-4, p. 345-361.
  • "Le siège de Luxembourg en 1684. Organisation et logistique. In: Hémecht, 57. Jg., nº Heft 3 (01.07.2005), p. 313. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  • "'Spuenesch Tiermercher': die Postenerker der früheren Festung Luxemburg." 2001. Tiré-à-part pour les "Frënn vun der Festungs-Geschicht Lëtzebuerg" du livre: 150e anniversaire / Fanfare grand-ducale de Clausen, p. 107-136.

Referenzen änneren

  1. (de)Luxemburger Wort, Trauern Sie um Änder Bruns. www.gedenken.lu. Gekuckt de(n) 05.07.2023.
  2. "Änder Bruns ist tot, er war das Gedächtnis der Festung Luxemburg." wort.lu [w+], 29.06.2023.