Les perdants n'écrivent pas l'histoire
Les perdants n'écrivent pas l'histoire ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Frédéric Fichefet an Edie Laconi aus dem Joer 2001. E behandelt d'Geschicht vun de Spueniekämpfer.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 24. Abrëll 2001 |
Dauer | 95 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Franséisch, Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie |
Frédéric Fichefet Edie Laconi |
Dréibuch |
Frédéric Fichefet Edie Laconi |
Fotografie | Frédéric Fichefet |
Schnëtt | Frédéric Fichefet |
Produzent | Claude Waringo (Produzent), Jani Thilges (associéierte Produzent) |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
André Wilms (Erzieler) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenTëscht 1936 an 1938 sinn 102 Lëtzebuerger a Spuenien gaange fir am spuenesche Biergerkrich nieft de Republikaner d'Faschisten ze bekämpfen. D'Engagement vun deene Männer a Frae gouf an der ëffentlecher Meenung vun der Zäit laang nëmmen als perséinlech Entscheedung vun e puer Abenteuerer ugesinn, an net als Resistenz géint e Feind dee kuerz drop och dee vu Lëtzebuerg sollt ginn. Lëtzebuerg huet dat Engagement eréischt an den 1980er Joren unerkannt, wéi ugefaange gouf, sech dofir z'interesséieren.[1][2]
Filmproduktioun
ännerenVum Lëtzebuerger Filmfong krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film 1998 e Subside an Héicht vun 1,3 Millioune Lëtzebuerger Frang fir de Film, deem säin Aarbechtstitel deemools Ceux qui sont allés war.[3] D'Joer drop koum eng zweet finanziell Hëllef vu 5,4 Millioune Frang dobäi. Den Aarbechtstitel war du Ceux qui sont allés en Espagne.[4] 2001 krut Samsa dunn nach eng "Aide à la promotion" an Héicht vu 302.270 Frang (ronn 7.500 Euro)[5].
Am Generique vum Film drécken d'Produzenten dem Henri Wehenkel e spezielle Merci aus. Hien hat schonn 1997 e Buch iwwer d'Spueniekämpfer erausbruecht.
Les perdants n'écrivent pas l'histoire hat seng Première de 24. Abrëll 2011 am Kino Utopia[6]. E war ee vu siwe Filmer, déi wärend der zweeter Editioun vun der "Semaine du documentaire luxembourgeois" gewise gouf, déi den CNA a Samsa Film organiséiert hunn.[7]
Wat sot d'Press?
ännerenJosée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[6]
Les perdants n'écrivent pas l'histoire est un film sensible, le regard « extérieur » des deux réalisateurs (l'un belge, l'autre français) a contribué à mettre en exergue cette mémoire difficile. C'est impressionnant.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ De Film op cinergie.be
- ↑ De Film op neimenster.lu
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 201
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 218
- ↑ Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 7
- ↑ 6,0 6,1 land.lu: « Léiwer dout ewéi rout ! » vum Josée Hansen (19. Abrëll 2001)
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 196