KlibberKleeschenSchueberMaischenAllerHerrgottsNationalSprangKirmes
KlibberKleeschenSchueberMaischenAllerHerrgottsNationalSprangKirmes ass en Dokumentarfilm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer (AFO Film). En hat den 13. Januar 1987 Première am Kino Utopia.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 1987 |
Première | 1985 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie |
AFO-Film Paul Scheuer Georges Fautsch Maisy Hausemer |
Produzent |
Kulturministère Unterrechtsministère |
Schauspiller | |
Ëm wat geet et am Film?Änneren
De Film dokumentéiert déi verschidde Lëtzebuerger Bräich uechter d'Joer.
Erklärungen zum Filmtitel:
- "Klibber": an der Karwoch ginn d'Kanner klibberen, wëll keng Klacke lauden.
- "Kleeschen": de 6. Dezember bréngt de Kleeschen de Kanner Séissegkeeten a Spillsaachen. Am Film gëtt e Besuch vum Kleeschen an engem Altersheem gewisen.
- "Schueber": Enn August ass all Joer d'Schueberfouer (grouss Kiermes) an der Stad Lëtzebuerg.
- "Maischen": Ouschterméindeg ass an der Stad an zu Nouspelt d'Eemaischen op där Äerdewuer a Péckvillercher verkaaft ginn.
- "Aller:" Allerhellgen do geet bal all Lëtzebuerger op de Kierfecht well deen Dag d'Griewer geseent ginn.
- "Herrgotts": den 2. Februar ginn d'Kanner liichten a sangen dobäi ënner anerem d'Lidd Léiwer Herrgottsblieschen.
- "National": den 23. Juni ass de Lëtzebuerger Nationalfeierdag.
- "Sprang": Päischtdënschdeg ass zu Iechternach d'Sprangprëssessioun zu Éiere vum hellege Willibrord.
- "Kirmes": all Duerf huet seng Fester an dofir steet d'Wuert Kiermes.
SossÄnneren
De Film gouf vu 15.228 Leit am Kino gesinn.[1]
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Fiche op cna.public.lu
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.