Georges Fautsch

lëtzebuergesche Cinematograph
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Georges Fautsch, gebuer den 21. Abrëll 1946, a gestuerwen de 15. Juni 2023, war e lëtzebuergesche Cinematograph a Pionéier an der lëtzebuergescher Filmlandschaft.

Georges Fautsch
Gebuer 21. Abrëll 1946
Gestuerwen 15. Juni 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kameramann, Lycéesprofesser
Member vun AFO-Film

Zesumme mat der Maisy Hausemer an dem Paul Scheuer huet hien d'AFO gegrënnt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: AFO-Film.

Hien huet och déi audiovisuell Optioun am Dikrecher Lycée kreéiert.[1]

2009 huet de Georges Fautsch den Documentaire Magno Tripudio iwwer d'Iechternacher Sprangpressessioun gedréint.

Hien ass am Juni 2023 am Alter vu 77 Joer gestuerwen. Den CNA huet no sengem Doud geschriwwen:[2]

Seng Kamera- a Grafikaarbecht, déi d'Filmer vun der AFO visuell gepräägt hunn, sinn zu enger Inspiratioun gi fir Jonker, déi sech dem audiovisuelle Metier an der Suite ugeholl hunn.

Referenzen änneren

  1. rtl.lu: Georges Fautsch est décédé (19. Juni 2023)
  2. Post op der Facebooksäit vum CNA no der Annonce vu sengem Doud (129. Juni 2023)