Klibberen ass eng al Traditioun a kathoulesche Géigenden, am Elsass, laanscht d'Musel a Frankräich an zu Lëtzebuerg, déi dora besteet, datt d'Klibberjongen an d'Klibbermeedercher, meeschtens d'Massendénger, d'Klacke vun der Kierch vu Gréngen Donneschdeg bis Ouschtersonndeg ersetzen, déi dann, wéi et am Volleksmond heescht, op Roum beichte sinn.

Eng Jarr, Enn 1930er Joren
Eng Jarr aus den 1970er Joren
Verschidde Modeller a verschidden Nimm
Eng « Grouss Ratsch »

Wärend deenen Deeg iwwerhuelen d'Jongen an d'Meedercher als Massendénger den Déngscht vun de Klacken. Se zéien da mueres, mëttes an owes duerch d'Stroossen, fir mat hire Klibberen oder Jarren (fr. Crécelle; de. Schnarre oder Ratsche), unzekënnegen, datt d'Mueres- oder d'Owesklack laut oder invitéieren d'Leit an d'Déngschter vum Karfreideg. Fir Ouschtere ginn d'Klibberjongen an d'Klibbermeedercher da belount a kréien meeschtens scho Karsamschdeg d'Ouschtereeër als Klibberloun.

Den 20. Dezember 2022 gouf d'Klibbere goen vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl.

Gesonge Verser: änneren

  • Mueres fréi vu 6.00 Auer un: D'Mueresklack laut
  • Um .12.00 Auer: D'Mëttesklack laut
  • Vun 18.00 Auer un: D'Owesklack laut
  • Eng hallef Stonn virum Ufank vun enger Mass: D'Klack laut d'éischt
  • Eng Véierelstonn virum Ufank vun enger Mass: D'Klack laut d'zweet
  • Fënnef Minutte virum Ufank vun enger Mass: D'Klack laut of
  • Beim Asammele vun den Ouschtereeër op Ouschtersamschdeg:
    • D'Ouschtere sinn do, d'Ouschtere sinn do. Gitt eis déi Eeër eraus, déi rout, déi wäiss, déi blo.
    • Dik dik dak, dik dik dak, muer ass Ouschterdag! Mir hu misse klibbre goen, fréi a spéit a bis an d'Nuecht, dofir komme mir Iech froen, hunn Är Hénger och geluecht. Dik dik dak, dik dik dak, muer ass Ouschterdag!

De Jaudes zu Veianen änneren

Eng besonnesch Traditioun gëtt et beim Klibberen zu Veianen, de Jaudes op Karfreideg. Beim Klibberen droen d'Kanner dobäi de Jaudes ronderëm, wat en Aascht vun engem Spackelduer (däitsch: Hagedorn oder Weissdorn) ass, dee mat Kalennerblieder gerëscht ass. Vun Zäit zu Zäit gëtt da gesongen: Jaudes, Jaudes, Spackelduer, iwwermuer ass Usterdag. De Spackelduer, deen ëmmer méi seele gëtt, kann och duerch e Schléiwenduer (däitsch: Schlehendorn) ersat ginn an d'Kalennerblieder duerch gebastelt Bänner a Blummen aus déckem Pabeier.

Jaudes steet dobäi fir de Judas Ischariot aus dem Neien Testament an de Jaudes als Strauch stellt de Bam duer, op deem de Judas sech opgehaang huet. De Brauch ass e Relikt vun der mëttelalterlecher "Judasverhöhnung".

Geschicht änneren

Nom Edmond de la Fontaine géif d'Klibberen op en alegyptesche Brauch zeréckgoen, datt wärend der Trauerzäit nom Osiris sengem Doud déi béis Geeschter duerch klibbere sollte verdriwwe ginn[1].

D'Klibbere gëtt scho 1482 an engem Buch ernimmt dat zu Coburg geschriwwe gouf. Och am Buch „Weltbuch“ vum Sebastian Franck aus dem Joer 1534 heescht et: „Da fährt man mit einem klopfenden Karren und vielen Tafeln in der Stadt herum und rufen das Volk in die Kirche zur Passion.“

Jiddescht Purimfest änneren

Geklibbert gëtt och beim jiddesche Purimfest. Dëst Fest erënnert drun, datt all Judden, sou wéi et am Buch Ester steet, vum Haman, dem héchste persesche Regierungsbeamten, ëmbruecht gi sollten. D'Ester huet d'Judden awer gerett. Fir dat ze feiere ginn op Purim Texter aus dem Buch Ester virgelies an all Kéier, wann den Numm Haman virkënnt, da klibberen d'Kanner sou haart, datt den Numm am Kaméidi ënnergeet.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Klibberen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Edmond de la Fontaine, Luxemburger Sitten und Bräuche, neue illustrierte Ausgabe, éd. Krippler-Muller, 1983, S. 44. Hie berifft sech op Dr J. N. Sepp, Das Heidenthum und dessen Bedeutung für das Christenthum, Bd. 2, Regensburg, 1853, S. 19.