Liichtmëssdag

traditionell Fest

Liichtmëssdag, den 2. Februar, ass deen Dag, op deem zu Lëtzebuerg d'Kanner liichte ginn, dat heescht se gi mat "Liichtebengelen" a klenge Gruppe vun Haus zu Haus. Den Numm kënnt vum däitschen Ausdrock Lichtmesse (Lichtgottesdienst)[1] an d'Fest gëtt 40 Deeg no Chrëschtdag gefeiert.[2]

Automobilisten, opgepasst, d'Kanner gi liichten!

Dës Liichtebengele ware fréier einfach Bengelen, ronderëm déi eng Wick opgewéckelt war, haut droen d'Kanner meeschtens Lampionen (aus Sécherheetsgrënn mat elektresche Bieren, amplaz Käerzen). Dobäi ginn nieft dem wäit verbreete "Léiwer Hergottsblieschen" lokal heiansdo och nach aner Lidder gesongen.

A Frankräich, an der romanescher Schwäiz an an der Belsch ginn op Liichtmëssdag traditionell Paangecher gebak, well hir ronn Form a gëlle Faarf un d'Sonn erënnert, déi sech no der Däischtert a Keelt vum Wanter, erëm weise kënnt[3]. D'Traditioun verfollegt dëse Brauch zeréck op de Poopst Gelasius I., dee Paangecher un d'Pilger, déi zu Roum ukoumen, verdeelt huet. Eng Traditioun ass d'Paangecher an der Loft mat der rietser Hand ze dréinen, wärend een eng Goldmënz (z.B. Louis d'or) oder eng aner Mënz an der lénkser Hand hält fir de Wuelstand am ganze Joer ze encouragéieren. Dir musst sécher sinn datt d'Paangecher richteg an der Pan lant.[4]

Geschicht

änneren
 
Presentatioun vum Jesus am Tempel (Molerei vum Giovanni Bellini)

Et geet zeréck op d'keltescht Fest vum Imbolc, dat den 1. Februar zu Éiere vun der Gëttin Brigid gefeiert gouf, an dat Rengegung an d'Fruchtbarkeet um Enn vum Wanter zum Theema hat. D'Bauere sinn an enger Pressessioun mat Fakelen op d'Felder gezunn, an hunn d'Gëttin ugebiet, si soll d'Felder rengegen, éier se nei ausgeséint ginn.[5]

Och d'antiikt réimescht Lupercalia-fest, benannt zu Éiere vum Gott vun der Fruchtbarkeet (Lupercus) an den Déierenträpp, dat ëm de 15. Februar gefeiert gouf, spillt hei mat eran. De Festival vu Feralia gouf och ëm déi selwecht Zäit gefeiert.[6]

Am 5. Joerhonnert huet de Poopst Gelasius I. dës Riten duerch d'"Lutefest" ersat, dat doru soll erënneren, wéi der Bibel no de Jesus am Tempel presentéiert gouf an d'Maria doduerch och gerengegt gouf. No jiddesche Riten hunn d'Mamme missen hiren éischtgebuerene Jong 40 Deeg, nodeem en op d'Welt koum, am Tempel presentéieren. An de Kierche goufen dann d'Fakele mat Käerzen ersat, déi da geseent a vun de Leit versuergt goufen, fir se bei Gefor (Donnerwieder, asw.) unzefänken.

Vum Enn vum 10. Joerhonnert staamt de Brauch, d'Kräizer ze seenen an eng Liichterpressessioun z'organiséieren, déi och als Virfreed op Fréijoer verstane goufen, dat geschwënn ufänkt[1].

A chrëschtleche Kierche ginn d'Fakele mat geweite Käerzen ersat, wouvun gesot gëtt datt se de Béisen ofwieren an eis drun erënneren datt Christus d'Liicht vun der Welt ass. D'Chrëschten huelen dann d'Käerzen heem fir hir Haiser ze schützen. Zanter 1372 ass d'Fest och mat der Rengegung vun der Muttergottes verbonnen, also mat hirer Operstéiungsfeier.[7]

Bauerereegel

änneren

Wann op Lichtmëssdag den Dachs säi Schied gesäit, da krécht en ërem fir sechs Wochen a seng Hiel.

Groundhog Day, d'Observatioun vun engem Marmot säi Verhalen op dësem Dag an Nordamerika (besonnesch zu Punxsutawney, Pennsylvania), ass d'Iwwersetzung vun dëser Observatioun vun der Natur an Nordamerika. Dëst war d'Thema vum Film "Groundhog Day" (Englesch) respektiv "Und täglich grüßt das Murmeltier." (Däitsch) oder Un jour sans fin (Franséisch) mat dem Bill Murray.

Traditionell gëtt dëst Lidd vun de Kanner gesonge wa s'un d'Diere schelle ginn. Si hoffen als Belounung Schneekereien oder Suen ze kréien. Den Hergottsblieschen bezeechent den Hellege Blasius, ee vun de véierzéng Nouthëllefer, deem säin Namensdag den Dag drop ass.

Léiwer Hergottsblieschen

änneren

Quell vun dëser Versioun: Nik Welter 1929 an der Literatur.

Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.

Loosst déi jonk Leit liewen,
an déi al Leit stierwen / derniewent.
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.[8]


Literatur zum Theema

änneren
  • Edmond de la Fontaine, Luxemburger Sitten und Bräuche. 5. Oplo, Lëtzebuerg 1995 (Original-Editioun 1883), ISBN 2-87982-046-4.
  • Welter, Nikolaus, 1914. Das Luxemburgische und sein Schrifttum, Säit 50 S. G. Soupert, Luxemburg.
  • Walter, Philippe (1989). La Mémoire du temps. Fêtes et calendriers de Chrétien de Troyes à la Mort Artur. Paris: Champion. ISBN 9782051010337.
  • Günther Richter: Feste und Bräuche im Wandel der Zeit: Kirmes, Kürbis und Knecht Ruprecht. Luther, Bielefeld 2011, ISBN 978-3-7858-0590-9, S. 66 ff.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Liichtmëssdag – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 Quell: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos... Feste und Traditionen in Luxemburg, Säit 4. Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu de 15. Januar 2019
  2. (fr)Chandeleur. Lexilogos. Gekuckt de(n) 3. Februar 2023.
  3. Candlemas in France: Regional crêpes for La Chandeleur. https://www.connexionfrance.com. Gekuckt de(n) 31.01.2023.
  4. (en)Collet, Natalie, La Chandeleur. French Library (28.01.2020). Gekuckt de(n) 31.01.2023.
  5. (fr)Revue celtique / publiée avec le concours des principaux savants des îles britanniques et du continent... Gallica (1924). Gekuckt de(n) 31.01.2023.
  6. Dumézil, Georges. Archaic Roman Religion. Vol 1. Chicago and London: The University of Chicago Press, 1966. p. 366
  7. Fernand Leroy, , De Boeck Supérieur, 2001, S. 96.
  8. Eng Variant ëm 1900 seet hei: Da kritt der eng déckech op d'Schnëss. (Quell: Postkaart N. 22 vum Charles Bernhoeft, 1906)