Par Mëllerdall Saint-Michel

D'Par Mëllerdall Saint-Michel ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 10 fréier Pare Chrëschtnech, Kruuchten, Eppelduerf, Hiefenech, Fiels, Miedernach, Meesebuerg, Noumer, Steeën a Waldbëlleg. Angelsbierg, déi fréier Filial vun der Par Meesebuerg gëtt ofgetrennt.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemengen Hiefenech, Fiels, Noumer, Ärenzdall a Waldbëlleg.

De Patréiner vun der Par ass den hellege Méchel.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Christnach, Cruchten, Eppeldorf, Heffingen, Larochette, Medernach, Meysembourg, Nommern, Stegen et Waldbillig et sur l'érection de la paroisse « Mëllerdall Saint-Michel »