Kapell Iernzen
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Iernzen | |||
Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Helleg Bäerbel | |||
Koordinaten | 49° 46’ 20.8’’ N 06° 13’ 14.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell vun Iernzen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fiels gehéiert.
D'Patréinesch vun der Kapell ass d'Helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.
Se steet am ëstlechen Deel vun der Uertschaft un der Fielserstrooss, dem CR119.
Den 12. Januar 1989 gouf se als Zousazinventaire op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Zur fréierer Par Fiels gehéiert ausser der Kapell vun Iernzen och nach d'Fielser Parkierch an d'Rochuskapell vun der Fiels.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kapell Iernzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 2. Mee 2023).