Uergel Kierch Bäerdref

D'Uergel an der Kierch vu Bäerdref gouf vun der Tréierer Uergelbaufirma Oehms gebaut. Si ass op Päischtsonndeg, den 10. Juni 1984 vum Generalvikar Mathias Schiltz ageweit a vum Festorganist Marcel Weis agespillt ginn.

D'Uergel besteet aus 16 kléngende Regësteren, verdeelt op zwee Manualer a Pedall mat am Ganzen 1072 Päifen. D'Spilltraktur ass mechanesch, d. h. d'Tounventiller ginn duerch d'eege Kraaft vum Organist opgemaach, wärend d'Regëstertraktur duerch Elektromagnéite geschitt, wat et erméiglecht, weider Kombinatiounsméiglechkeete virzegesinn.