Haaptmenü opmaachen

De Jean Schoos, gebuer den 8. Juni 1924, a gestuerwen den 9. Abrëll 2005, war e Lëtzebuerger Historiker. Seng Spezialitéit war d'Erfuersche vun der Geschicht vum Lëtzebuerger Herrscherhaus an d'Geschicht vu Lëtzebuerg vum Mëttelalter bis haut.

Jean Schoos
Gebuer 8. Juni 1924
Gestuerwen 9. Abrëll 2005
Bäerdref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Regionalhistoriker, Medievist, Universitéitsprofesser
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Liewen a CarrièreÄnneren

De Jean Schoos huet vun 1946 bis 1949 op der Universitéit vu Fribourg an der Schwäiz studéiert, wou en och promovéiert huet (Dr.Phil.). Vun 1950 u war hien zu Bonn wou hie sech 1954 habilitéiert huet. Vun 1957 un huet hien dunn op der Universitéit vu Bonn Course ginn. 1964 war hien och Gaaschtprofesser op der Uni vun Toulouse. Vun 1964 u war hie "wissenschaftlicher Rat" a "Professor" op der Uni Bonn, an zwar bis 1989. 1995 huet hie seng lescht Course gehalen.

1952 war de Jean Schoos membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal ginn.

Wierk (Auswiel)Änneren

  • Der Machtkampf zwischen Burgund und Orléans unter den Herzögen Philipp dem Kühnen & Johann ohne Furcht von Burgund und Ludwig von Orléans. Mit besonderer Berücksichtigung der Auseinandersetzung im deutsch-französischen Grenzraum ; Habilitatiounsschrëft, in: Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg (PSH), Bd. LXXV; Lëtzebuerg (Impr. Joseph Beffort), 1956; 217 Säiten (+ Kaarten & genealogesch Tafelen).
  • Thron und Dynastie (1989)
  • Die Orden und Ehrenzeichen des Großherzogtums Luxemburg und des ehemaligen Herzogtums Nassau in Vergangenheit und Gegenwart (1990)