Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-Théodore Laurent, gebuer als Johannes Theodor Laurent de 6. Juli 1804 zu Oochen, a gestuerwen den 20. Februar 1884 am Klouschter vun de Schwestern vom armen Kinde Jesus zu Simpelveld an Holland, war vun 1841 bis 1848 Apostolesche Vikar zu Lëtzebuerg[1]. Säi Virgänger am 1840 nei gegrënnten Apostoulesche Vikariat war de Johann Theodor Van der Noot. Wéi hien op Lëtzebuerg koum, huet hie refuséiert, den Eed géintiwwer dem Staat ofzeleeën, wéi dat am Konkordat vun 1801 virgesi war. Hien ass 1848 aus dem Land verwise ginn[vu wiem a firwat].

Jean-Théodore Laurent
Gebuer 6. Juli 1804
Oochen
Gestuerwen 20. Februar 1884
Simpelveld
Nationalitéit Däitscht Keeserräich
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

Säin Nofollger gouf de Bëschof Nicolas Adames.

Seng Originnen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kandheet a Jugend änneren

De 17. Dag am Mount Messidor am Joer 12 vum Republikanesche Kalenner vun der Franséischer Revolutioun kënnt de Jean Théodore Laurent zu Oochen an der Helleg-Péiter-Strooss op d'Welt. Hien ass dat eelst vu 14 Kanner vum Kutscher François Laurent, gebuer den 10. September 1773 zu Maarnech[2], a senger Fra Gertrude Schönen. De selwechten Dag gëtt d'Kand am Liebfrauenmünster gedeeft.

Literatur änneren

  • (anonym): Erzählung einer vom Bischof Laurent in Luxemburg bewirkten Teufels-Austreibung. Luxemburg: G. Michaelis, 1843 (23 S.; "aus dem Holländischen wörtlich übersetzt.") Volltext op eluxemburgensia.lu.

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Théodore Laurent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1842: Jean Théodore Laurent Apostolischer Vikar – ein erster Bischof IN Luxemburg op cathol.lu
  2. Plack an der Kierch zu Maarnech.