Kallichore (Mound)

Jupitermound


De Mound Kallichore (Jupiter XLIV) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Kallichore
(Jupiter XLIV)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 11
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 24.043.000 km
Periapsis 17.696.000 km
Apoapsis 30.390.000 km
Exzentrizitéit 0,264
Ëmlafzäit 764,7 Deeg
Ëmlafvitess 2,25 km/s
Inklinatioun 165,5°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,7
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 6. Februar 2003

Entdeckung änneren

De Mound gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/2003 J 11. Den 30. Mäerz 2005 krut hie säin offiziellen Numm Kallichore vun der I.A.U..

De Mound gouf no der Figur Kallirrhoe aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten änneren

De Kallichore kreest a 764,7 Deeg op enger mëttlerer Distanz vu 24.043.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,264. Mat enger Inklinatioun vun 165,5° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Kallichore zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme. De Kallichore ass de baussenzegste Member vun der Grupp.

Physikalesch Daten änneren

De Kallichore huet en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. Hien huet eng däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,7m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren