Colette Probst-Wurth

Lëtzebuergesch Keramikerin

D'Colette Probst-Wurth, gebuer den 18. Oktober 1928[1] an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen 2008, war eng lëtzebuergesch Keramikerin.

Colette Probst-Wurth
Gebuertsnumm Colette Wurth
Gebuer 18. Oktober 1928
Gestuerwen 2008
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Keramiker
Famill
Bestuet mat Joseph Probst
Kanner Annette Probst

Ausbildung a Liewenslaf änneren

D'Colette Wurth war eng Duechter vum Ingenieur Édouard Wurth an der Marie Thérèse Lambert. Si huet op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel studéiert[2]. Ëm 1945 krut si Zeechecourse vun hirem spéidere Mann, dem Joseph Probst (1911-1997), an duerno Keramikcoursë beim Paul Filleul zu Mortagne a Frankräich. 1947 bestit si de Probst. Dräi Kanner goufen an dem Bestietnes gebuer, dorënner d'Kënschtlerin Annette Weiwers-Probst.

D'Probst-Wurth huet Schësselcher, Platen, Vasen an aner Keramikaarbechten an engem einfachen a sobere Stil gemaach[3]. Am Ufank war hir Aarbecht däischter a schwéier, spéider gouf se méi hell a méi schlank. Zesumme mat hirem Mann mécht si Fliesebiller. E Beispill dovun ass dem Colette seng Keramikversioun vu véier Skizzen vum Jozef, inspiréiert vum Mahler sengem Lieder eines fahrenden Gesellen[4].

Si huet hiert Wierk e puermol ausgestallt, dorënner och e puermol zesumme mat deem vun hirer Schwéiesch, der Textilkënschtlerin Denise Probst-Massin, op der International Women's Exposition zu New York (1950), an der Galerie La Cité (1977) an an der Galerie Simoncini an der Stad (1984).

1954 huet d'Koppel Probst-Wurth zesumme mat ë. a. dem François Gillen, Frantz Kinnen, Emile Kirscht, Wenzel Profant, Michel Stoffel a Lucien Wercollier d'Grupp Iconomaques gegrënnt, mat där si och ausgestallt hunn. Um éischte Kongress vun der Académie Internationale de la Céramique zu Cannes (1955) kruten de Joseph an d'Colette Probst an d'Jeanne an de Léon Nosbusch Éierendiplomer[5].

Wierker änneren

  • 1980-1981 Keramikplacke mat symbolesche Fëschvirstellungen, fir d'Tabernakeldier vun der St. Laurenz Kierch zu Dikrech.
  • Plättercher La Vierge et l'Enfant, zesumme mat hirem Mann.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (en)Colette (Wurth) Probst (1928-2008) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (1928-10-18). Gekuckt de(n) 2023-07-30.
  2. Herr, L. (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. s. 258.
  3. "Joseph Prost 1911-1997 : 100e anniversaire", Musée National d'Histoire et d'Art / Cercle Luxembourg. ISBN 978-2-87985-173-0.
  4. Wasserman, Janet I., "Joseph Probst", Picturing Winterreise - artist inventory, Schubert Society of the USA.
  5. "La Participation Luxembourgeoise au premier Congrès de l'Académie Internationale de la Céramique", Luxemburger Wort, 6. Juli 1955.